
Diddeleng huet Revanche geholl fir déi knapp verluer Coupefinall virun enger Woch an Esch mat 42:32 raséiert. Domat behalen d'Fiiss nach ëmmer d'Méiglechkeet, fir Déifferdeng an de leschten dräi Matcher anzehuelen an déi fënnef Punkten opzehuelen. Beim neie Coupegewënner Esch hunn de Golkipp an MVP vun der Finall Hugo Costa Figueira an de Kapitän Felix Werdel gefeelt.
Diddeleng konnt séier e Lach vu fënnef Goler maachen (7:2 no 8 Minutten), wat schonn eng Virentscheedung fir de Rescht vum Match war. Esch koum maximal op 3 Goler erun, mee Diddeleng sollt de Virsprong uschléissend kontinuéierlech ausbauen a mat 19:13 an d'Paus goen. Déi Schwaarz-Wäiss hunn ni wierklech an hire Match fonnt, offensiv wéi defensiv, an esou konnt Diddeleng ëmmer méi ewechzéien. D'Etute-Bridder Ojié an Itua konnten zesummen nees 17 Goler markéieren.
Den Tabellendrëtte Bierchem hat beim Gaaschtoptrëtt zu Käerjeng keng Problemer a gewënnt souverän 32:16. D'Réiserbänner ware mat engem 9:1 an de Match gestart a konnte scho fréi d'Weiche fir d'Victoire stellen. De Käerjenger sollten an der éischter Hallschent just 8 Goler geléngen, de Bierchemer dogéint 18. Den Interimstrainer Dan Mauruschatt huet de Coaching gréisstendeels dem Amer Karamehmedovic iwwerlooss, fir sech op den uschléissenden Dammematch ze preparéieren. Mam Ognjen Jokic huet Käerjeng an der 43. Minutt säi beschte Werfer duerch eng direkt Disqualifikatioun verluer, soumat konnten d'Bierchemer de Virsprong vun deem Moment 10 Goler bis um Enn op 16 Goler ausbauen.
An der éischter Hallschent hat et no enger Iwwerraschung ausgesinn, mee um Enn konnt sech awer de Favorit zu Bouneweg duerchsetzen. D'Red Boys Déifferdeng gewënnt 32:25 géint de Coupe-Halleffinalist HC Standard. An der Paus stoung et 16:14 fir d'Stater, well si an de leschte Minutten e 5:3-Laf gestart haten. Nom Säitewiessel huet Déifferdeng awer séier gewisen, wien Här a Meeschter ass. Spéitstens beim 28:20 an der 50. Minutt war d'Mass gelies an d'Red Boys behält hir fënnef Punkten Avance op den éischte Verfollger Diddeleng.
An der Relegatioun huet Rëmeleng de Maintient mat engem 33:25 géint Leideleng kloergemaach. D'Ekipp vum Trainer Yves Braconnier ka mat 14:0 Punkten dräi Spilldeeg viru Schluss net méi vun den éischten zwou Plaze verdrängt ginn. Et war déi siwent Victoire am siwente Playoff-Match. Am zweete Match um Samschdeg huet sech Péiteng däitlech mat 40:28 zu Schëffleng duerchgesat.
E Sonndeg kann Dikrech mat enger Victoire géint Miersch och e grousse Schratt Richtung AXA League maachen.
Och 2026 wäert de Championstitel entweeder an d'Brauereistad oder an d'Forge du Sud goen, wéi schonn an deene leschte fënnef Joren. Wann een op dat vergaangent Joerzéngt zeréckkuckt, hu béid Ekippe quasi en Abonnement op de Meeschtertitel an d'Coupe. Just de Museldall (2017) an Dikrech (2021) konnten dës Dominanz briechen. Et ass dohier net verwonnerlech, dass déi zwee Konkurrenten am Dammenhandball insgesamt 46 Championstitelen (HBK 35, HBD 11) an 39 Coupegewënner (HBK 22, HBD 17) op sech vereenen.
Diddeleng ass no der éischter Finall am Virdeel ëm d'Lëtzebuerger Meeschterkroun. No 60 Minutte stoung et 24:20 fir den HBD. Mat dësem Resultat hunn d'Fiiss e klenge mentale Virdeel géintiwwer Käerjeng. Fir déi Gréng ass et déi éischt Néierlag zënter iwwer zwee Méint, fir den HBD eréischt déi zweet Victoire an dëser Saison am siwente Match géint Käerjeng. Déi zweet Finall gëtt nächste Samschdeg an der Forge du Sud ausgedroen.
Diddeleng krut déi kloer Defaite an der Coupe-Halleffinall géint Déifferdeng gutt aus de Käpp. Dem Mikel Molitor seng Ekipp hat net wéi an de viregte Matcher géint Käerjeng an der Ufanksphas Startschwieregkeeten, mee konnt de Match ausgeglach gestalten a louch no 13 Minutte 7:5 vir. Och well Käerjeng an dëser Phas ze vill technesch Feeler ënnerlaf sinn. No engem Timeout krute si dës awer ofgestallt a konnte bannent kuerzer Zäit ausgläichen (7:7). Déi Gréng konnten och nees op hir Golkippesch Zorana Jurcevic zielen. D'bosnesch Nationalgolkippesch huet an den éischten 30 Minutte eng Dose Parade gesammelt.
Nom Käerjenger Ausgläich sinn d'Diddelengerinnen an e klengt Lach gefall. Si hunn an der Attack keng Léisunge géint eng méi kompakt stoend Käerjenger Defense fonnt an d'Lokalekipp konnt no 25 Minutten op 13:8 ewechzéien. An de leschte Minutten huet den HBD vun enger Iwwerzuel profitéiert a koum bis an d'Paus nees op 2 Goler erun (11:13).

D'Spectateuren um Käerjenger Dribbel hu sech laang musse gedëllegen, bis den éischte Gol an der zweeter Hallschent gefall war. Ganzer siwe Minutten huet et gedauert, bis Diddeleng an der Persoun vun der Kim Wirtz de Score opgemaach huet. Et war de Startschoss fir eng Ophueljuegd an eng staark Diddelenger Performance.
Duerch eng kompakt an aggressiv Defense hunn déi Blo-Wäiss just 7 Käerjenger Gol am zweeten Duerchgang zougelooss. Eng Roll huet och d'Barbara Fangueiro gespillt, well endlech Impulser vun der Golkippesch koumen. Ënnert der Leedung vun den erfuerene Kim an Joy Wirtz konnten d'Gäscht an der 41. Minutt nees a Féierung goen, déi si bis zum Schluss net méi ofginn hunn.
Käerjeng koum weeder aus der Distanz nach iwwer de Krees oder iwwer d'Band duerch a gouf vun der Diddelenger Defense dacks an d'Zäitspill gezwongen. D'Jurcevic huet hanne weider ofgeliwwert (insgesamt 22 Paraden), mee konnt bei deene ville fräie Schëss net vill entgéintsetzen. Käerjeng muss nächst Woch en Zant zouleeën, fir den drëtten Titel an dëser Saison, no Coupe a Supercup, feieren ze kënnen.
Nieft dem Championstitel decidéiert sech och nach, wie sech als Drëtte fir d'Coupe d'Europe qualifizéiert. Hei huet Déifferdeng nom 34:31 géint de Museldall déi bescht Ausgangspositioun. D'Decisioun kéint och hei den nächste Weekend scho falen.