Handball: Final4 vun der CoupeKäerjeng feiert, Déifferdeng nees geschloen

Yannick Glod
Fir Käerjeng ass et den insgesamt 22. Coupegewënn. D'Déifferdenger Damme mussen no der 23:25-Néierlag weider op den éischten Titel zënter hirem Bestoe waarden.
© Yannick Glod

Wéi scho bei den Häre war d'Finall tëscht Déifferdeng a Käerjeng näischt fir schwaach Nerven. Bis an d'lescht Minutt stoung de Gewënner net fest, mee um Enn konnt sech Käerjeng mat 25:23 duerchsetzen. Et ass den drëtten Titel ënnert dem neien Numm "HB Käerjeng" an den insgesamt 22. Titel an der Veräinsgeschicht. Déifferdeng muss bei den Dammen och no der zweeter Finall weider op den éischten Titel waarden.

Nodeems 2025 just 39 Goler an der Finall gefall waren, wat deen niddregste Wäert an de leschte 14 Joer war, kruten déi 820 Spectateuren an der Coque 48 Goler ze gesinn.

Red Boys Déifferdeng vs HB Käerjeng 23:25 (9:10)

Am Verglach zur Halleffinall stoung d'Zorana Jurcevic am Käerjenger Gol an d'Jenny Zuk, eigentlech am Réckraum doheem, huet ugangs um Pivot agéiert. D'Jurcevic an hir Géigeniwwer Charlène Servant hunn direkt an den éischte Minutten hir Qualitéit ënner Beweis gestallt an dofir gesuergt, dass an der éischter Hallschent just 19 Goler fale sollten.

Béid Ekippe goungen héijen Tempo an hu sech näischt geschenkt. No enger Véierelstonn stoung et 7:7, do haten d'Sarah Kupke (Déifferdeng) an d'Daria Milek (Käerjeng) scho jeeweils dräi Goler fir hir Faarwe markéiert. Tëscht der 15. an der 20. Minutt hunn déi scho genannt Jurcevic a Servant alles gehalen, wat op hire Gol koum. Dobäi koum, dass béid Ekippen an dëser Phas net méi déi selwecht Duerchschlagskraaft a Prezisioun an der Attack hate wéi nach an der Ufanksphas.

An der 25. Minutt krut d'Daria Milek eng direkt Rout Kaart, woumat Käerjeng seng bescht Ugräiferin verluer huet; d'Jenny Zuk huet doropshin am Réckraum gespillt. Dat huet déi Gréng awer net dovun ofgehalen, mat engem 10:9 an d'Kabinnen ze goen.

Den Elan vu virun der Paus huet Käerjeng mat an den zweeten Duerchgang geholl an an den éischte Minutten den decisiven Ecart gemaach (16:12). Anescht wéi an der Halleffinall koum Déifferdeng net gutt aus de Kabinnen an huet sech duerch eng Rei technesch Feeler d'Géigegoler gefaangen. Och d'Defense vun deene Rouden huet ze vill Lächer opgewisen an d'Servant krut an den éischte 15 Minutte kee Ball ze paken. D'Feele vun der Daria Milek huet Käerjeng duerch Goler vun der Jil Reiter, Lena Kirtz an Teodora Galic kompenséiert.

Op Déifferdenger Säit huet d'Sarah Kupke (10 Goler) Verantwortung iwwerholl, wat awer och dacks forcéiert gewierkt huet. D'Ekipp vum Michel Scheuren konnt sech awer aus dem Lach erkréien (14:19 no 43 Minutten) a war an der 55. Minutt nees bis op ee Gol drun (21:22). Käerjeng huet säi Virsprong awer och duerch 16 Parade vun der Zorana Jurcevic iwwer d'Zäit bruecht. Si gouf och zum MVP vum Match gewielt.


D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Dammen

Back to Top
CIM LOGO