
No der Ouschterpaus huet sech den Damme-Championnat mat Honnert à l’heure zeréckgemellt. Déifferdeng an Diddeleng hu sech an der zweeter Halleffinall en haarde Kampf geliwwert, mee um Enn duerft sech den HBD iwwer eng 21:20-Victoire freeën. Domat hu si en drëtte Match erzwongen. Den éischte Match haten d’Déifferdengerinne kloer 36:18 an der Forge du Sud gewonnen, mee am neie Best-of-Three-Modus huet de grousse Virsprong keng Roll gespillt.
No der desolater Leeschtung virun zwou Woche wollt Diddeleng en anert Gesiicht weisen. An den éischte Minutte si béid Ekippen en héijen Tempo gaangen, mee et gouf och op béide Säiten eng Abberzuel u Feelwërf an technesche Feeler. No 10 Minutten hat et geschéngt, wéi wann den HBD wéi am Allermatch de Fuedem verléiere géif, mee Ciufoli, Dickes a Co krute sech nees gefaangen. Diddeleng konnt awer ni ausgläichen, wat virun allem un der Déifferdenger Golkippesch louch.
An der 22. Minutt louch d’Lokalekipp eng éischt Kéier 5 Goler vir (13:8), mee dunn huet Déifferdeng ze vill Zäitstrofe gesammelt. Esou koumen d’Diddelengerinne bis an d’Paus nees op 3 Goler (14:11) erun. D’Gäscht hunn an den éischten 30 Minutten e bessert Resultat leie gelooss, well d’Charlène Servant am Déifferdenger Gol am éischten Duerchgang nees 10 Paraden opweises hat.
Nom Säitewiessel koum d’Diddelenger Golkippesch Emeline Hoé besser an de Match an huet mat hire Paraden am Ufank dozou bäigedroen, dass d’Gäscht an der 33. Minutt ausgläiche konnt. Déifferdeng war net gutt aus de Kabinne komm a konnt an den éischte 7 Minutte kee Gol markéieren. Tëscht der 35. an der 44. Minutt war de Spillfloss op béide Säiten e bëssen eraus an et hu sech vill technesch Feeler ageschlach.
Mat der Disqualifikatioun fir d’Rijalda Cilovic huet de Match nees un Intensitéit zougeholl, mee et goufen och vill Diskussiounen op an nieft dem Terrain mat den Arbitteren. Diddeleng konnt no 47 Minutten (18:17) eng éischt Kéier zënter dem 2:1 a Féierung goen. Uschléissend konnt Déifferdeng nees a Féierung goen, och well den HBD eng Rei Méiglechkeeten op den Ausgläich leie gelooss huet; d’Charlène Servant konnt sech dacks auszeechnen.
Den decisive Gol fir Diddeleng sollt 40 Sekonne viru Schluss duerch d’Zoé Caruso falen. Déi lescht Déifferdenger Attack huet näischt méi abruecht, sou dass den HBD de Match mat e bësse Gléck, awer mat vill Mentalitéit gewonnen huet. Der Red Boys sinn an der zweeter Hallschent just 6 Goler gelongen. Si hunn domat den éischte Matchball op déi éischt Finall an der Veräinsgeschicht verspillt.
En Dënschdeg ass dann nach déi zweet Halleffinall tëscht dem HB Museldall an dem amtéierende Champion HB Käerjeng. Do probéieren d’Miselerinnen auszegläichen, well déi Gréng den éischte Match 25:20 fir sech entscheet haten. Wien e bësse méi iwwer d’Banneliewe vum HB Museldall wësse wëll, ka sech d’Gespréich vun der Spillerin Valérie Mackel am däitsche Podcast “Kreis ab” ulauschteren.
Käerjeng huet déi Deeg op de Sozialen Netzwierker matgedeelt, dass de Jacques Tironzelli ab der nächster Saison nees den Trikot vun den Hären iwwerstrëppe wäert. Dat nom Ofschloss vu sengem Studium.