D’Konstellatioun fir déi zweet Championnatsronn ass schonn aussergewéinlech: Eng éischte Kéier iwwerhaapt si véier Ekippe mat der selwechter Punktzuel (14:6) an de Playoff agezunn. Deemno dierf ee sech bis zum Schluss Spannung ëm de Championstitel bei den Dammen erwaarden.
E Samschdeg konnt den HB Diddeleng déi éischt Victoire an dëser Saison géint den HB Museldall feieren. D’Fiiss konnte sech um Enn iwwer en 30:27 freeën, dat trotz dem Feele vum Joy Wirtz. De Museldall hat béid Matcher bis elo an dëser Saison gewonnen (29:21 & 29:22).
No enger intensiver Ufanksphas, wou béid Ekippe jee dräi Goler (3:3) zu Buch stoen haten, hu sech bei deenen zwou Formatiounen eng Rëtsch technesch Feeler ageschlach an d’Vitess war aus dem Match. Dat huet sech och am Resultat néiergeschloen: No 15 Minutte waren eréischt 10 Goler gefall. Ab der 20. Minutt krut Diddeleng nees méi Zougrëff op de Match a konnt sech bannent kuerzer Zäit op 5 Goler ofsetzen (11:6). Virun allem d’Valerie Gomes war mat 5 Goler an éischter Hallschent gutt opgeluecht an huet d’Zouspiller vu Kim Wirtz a Laura Ciufoli virum Gol verwäert. Beim Museldall war de Wuerm e bësse méi laang dran, mee an de leschte Minutte virun der Paus konnt een nach op 3 Goler verkierzen (15:12). D’Raïssa Dapina vum Museldall, senegaleesesch Nationalspillerin, huet virun der Paus de Motor ugeworf an 3 vun insgesamt 8 Goler markéiert.
Dëse Schwong hunn d’Miselerinne mat an déi zweet Hallschent geholl. Well de Fiiss bis an d'40. Minutt just 2 Goler gelonge sinn, konnte si bannent 10 Minutten aus engem 3-Goler-Réckstand eng Féierung (18:17) maachen. Virun allem d’Fiona Carrara an d’Raïssa Dapina hunn d’Heft an d’Hand geholl an zesummen 13 Goler markéiert. Uschléissend erkrut sech den HBD nees an de Match war bis an d'55. Minutt equilibréiert (26:25). An der Crunchtime ass et dem Museldall net méi gelongen, wéi virdrun duerch d’Diddelenger Defense ze kommen. Sou konnt den HBD de Virsprong souverän behaapten. Opfälleg war, dass am zweeten Duerchgang däitlech manner technesch Feeler op béide Säite gemaach goufen.
Schonn um Freideg den Owend hunn d’Red Boys Déifferdeng de Champion Käerjeng iwwerrascht an a leschter Sekonn 25:24 gewonnen. Et war déi zweet Victoire an dëser Saison fir d’Déifferdengerinne géint d’Nopere vu Käerjeng. Schonn am September hat ee sech 28:23 behaapt, fir dann am Retourmatch am Dezember knapp 24:26 ze verléieren. Bei Déifferdeng huet d’Laura Melchior, déi am Summer eigentlech zeréckgetruede war, ausgehollef.
Vum Spillverlaf hier war et eng verdéngt Victoire fir d’Ekipp vun der Kapitänin Lola Scheuren. Bis op d’Phas tëscht der 6. a 15. Minutt louch Déifferdeng ëmmer vir an hat sech bis an d’Paus e Virsprong vu 6 Goler (13:7) erausgespillt. Käerjeng ass tëscht der 15. an 30. Minutt just een eenzege Gol gelongen, och well d’Charlène Servant am Déifferdenger Gol e puer Bäll erausfësche konnt.
D’Gäscht konnten dëse Virsprong laang Zäit gutt geréieren, mee ab der 51. Minutt war Käerjeng nees op 2 Goler drun (19:21), wouduerch sech an de leschte Minutten e Krimi entwéckelt huet. Déifferdeng koum an där Phas net méi duerch d’Käerjenger Verteidegung oder blouf un der Golkippesch Zorana Jurcevic hänken.
An de leschte Minutte war d’Rijalda Cilovic déi decisiv Spillerin. D’riets Bande vun Déifferdeng huet an dëser Phas dräi vun hire sechs Goler geschoss, dorënner de spillentscheedenden an der leschter Sekonn, nodeem Käerjeng 15 Sekonne virdrun nach ausgeglach hat. Trotz der Spannung an obwuel et de Match tëscht dem Tabellenzweeten an Tabellenéischte war, gouf et op béide Säite vill Ballverloschter an technesch Feeler.
Dëse Weekend huet och d’Relegatioun mat den zwou leschten Ekippen aus der Axa League, HC Standard an HB Esch, an den zwou beschten Ekippen aus der Promotioun, Chev Dikrech an HC Atert Réiden, ugefaangen. Esch huet hei mat 24:25 géint de Standard de Kierzere gzunn. E Sonndeg huet Dikrech Réiden beim 51:19 keng Chance gelooss.
Am Härechampionnat stoung eng Nodrospartie vum 8. Spilldag um Programm. Hei huet sech den amtéierende Champion Red Boys Déifferdeng wéi erwaart 44:26 bei der Esperance Rëmeleng duerchgesat. Mat dëser Victoire huet Déifferdeng d’Féierung an der Tabell ausgebaut.
An der Coupe weess den HB Esch och elo, géint wie si an der Véierelsfinall am Februar spillen. Den HB Péiteng huet sech e Samschdeg am Nodrosmatch vun der Aachtelsfinall 41:22 géint den HC Atert Réiden duerchgesat.