Handball: Final4 vun der CoupeDiddeleng trëfft an der Finall op Esch

Yannick Glod
Den HBD huet de Standard an der éischter Halleffinall mat 34:23 ofgeschoss. Esch war iwwerraschend däitlech géint Bierchem iwwerleeën.
Den Aldin Zekan konnt an der Ufanksphas 5 Mol fir Diddeleng markéieren.
© Fernand Schmitz

Eng Iwwerraschung vum HC Standard sollt ausbleiwen a sou steet den HB Diddeleng fir d'zweet Kéier noeneen an der Finall vun der Coupe de Luxembourg. Diddeleng kann eng weider Kéier op den éischte Coupegewënn zënter 2013 hoffen. Den éischten Akt vum Marko Stupar senger Abschidstournée als Bierchemer Trainer fänkt mat enger fatzeger Néierlag un. Esch huet säi Leeschtungsverméigen nees ënner Beweis gestallt a konnt sech um Enn däitlech fir d’Finall qualifizéieren.

HB Diddeleng vs HC Standard 34:23 (15:8)

De Standard hat de Start an de Match komplett ratéiert. D'Stater hunn 20 Minutte gebraucht, fir zwee Goler ze schéissen. Dorun huet och de fréien Timeout vun hirem spueneschen Trainer Lucas Duane näischt geännert. Vläicht war d'Opreegung, iwwerhaapt eng éischt Kéier an engem Final4 an an engem ongewinnten Ëmfeld ze spillen, awer ze grouss.

Diddeleng war vun Ufank op der Héicht an huet dem Aussesäiter mat engem 10:1-Laf fréi de Stecker gezunn. Wie gehofft hat, dass dem Zédin Zuzo seng éischt Parad an der 12. Minutt de Startschoss fir eng Ophueljuegd vum Standard géif ginn, gouf séier enttäuscht. Eng staark Diddelenger Defense an e gutt opgeluechte Mika Herrmann am Gol hunn dozou bäigedroen, genee wéi eng Rëtsch technesch Feeler vun de Stater.

Nom schlechte Start koum de Standard nom zweete Gol besser an de Match, well Diddeleng de Kader no 20 Minutte schonn dréine loosse konnt - wat hinnen an der Finall e Samschdeg sécher e Virdeel verschaaft. Ënner anerem de Fynn Köller, deen extra fir déi zwee Matcher vu sengem Aarbechtsopenthalt aus Südamerika ageflu gouf, duerft vill Spillminutte sammelen. Virun allem de Miha Pucnik huet op Stater Säit Verantwortung iwwerholl an huet seng Matspiller matgerappt. De Standard konnt déi lescht 10 Minutte mat 5 zu 4 Goler souguer fir sech entscheeden, sou goung et mat 15:8 aus Diddelenger Siicht an d'Kabinnen.

Nom Säitewiessel huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gebueden. Déi bescht Attack aus dem Championnat huet de Standard net erukomme gelooss an d'Avance bei 9-10 Goler gehalen. Dem Standard blouf de Pech bei den Aluminiumstreffer trei. Wann dës Schëss dobanne gewiescht wieren, wär de Match definitiv méi enk bliwwen.

De Standard huet duerno an der Persoun vum Massard-Chenet e wichtege Spiller verluer. Eelef Minutte viru Schluss ass hien ouni géigneresch Awierkung ausgerëtscht an huet sech schwéier um Knéi blesséiert. Et ass seng zweet Blessur nom Rass vun der Achillesseen, vun deem hie sech eréischt viru Kuerzem erholl hat. No der minuttelaanger Ënnerbriechung gouf de Match weidergespillt, mee un der Avance sollt sech net méi vill änneren.

D'FLH hat bei dëser Editioun vum Final4 eng éischt Kéier d'Spectateuren iwwer den MVP ofstëmme gelooss. D'Wiel vun den Zuschauer doheem an enger Jury sur place ass op de Mika Herrmann gefall.

HC Bierchem vs HB Esch 27:33 (12:14)

Den Tom Krier hat beim Warmup e schéine Gest gewisen. Den Escher hat sech am Trikot vum Galamatch aus dem Dezember 2024 fir den David Gyafras, dee virun zwee Méint u Kriibs gestuerwe war, waarm gemaach.

Esch hat de bessere Start an de Match a louch séier 2:0 vir. Et huet e bësse gedauert, bis de Bierchemer Motor op Toure war an d'Réiserbänner laanscht den Escher Golkipp Costa Figueira koumen. Déi Gréng-Wäiss sollten de ganze Match iwwer ni a Féierung goen; an der 10. Minutt stoung et eng lescht Kéier gläich (4:4). Dass esou wéineg Goler am éischten Duerchgang gefall sinn, huet och u béide Golkipper geleeën. De Kell Meyers konnt de Réckstand vu Bierchem laang bei zwee Goler halen, mee de Costa Figueira war nach e bësse besser.

An der 24. Spillminutt war Esch eng éischt Kéier am Match 4 Goler vir (8:12), wourop de Marko Stupar mat engem Timeout reagéiert huet. Mat der Ëmstellung op siwe Feldspiller konnt Bierchem bis an d'Paus den ale Réckstand vun 2 Goler (12:14) nees hierstellen.

Déi zweet Hallschent huet denkbar schlecht fir Bierchem ugefaangen. No 5 Minutte louch den Titelverdeedeger nees véier Goler hannen, huet sech awer nees erugekämpft. Ëmmer wa Bierchem d’Chance hat, op ee Gol erunzekommen, hu si en technesche Feeler agebaut an Esch konnt nees op dräi Goler ewechzéien.

D'Phas tëscht der 40. a 45. Minutt war decisiv. Esch konnt an der Iwwerzuel op 5 Goler ewechzéien (22:17) an huet Bierchem uschléissend mat enger variabeler Defense iwwerrascht: mat enger offensiver 3:3, duerno mat enger 5:1 – eng taktesch Meeschterleeschtung vum Escher Trainer Rajko Milosevic.

Domat sinn d'Réiserbänner net kloerkomm an Esch konnt de Virsprong op maximal 9 Goler ausbauen.Den Hugo Costa Figueira, deen zum MVP vum Match gewielt gouf, huet säi Gol wärend 10 Minutte propper gehalen. Trotz den 11 Goler vum Spillmaacher Raphael Guden war et fir Bierchem en Dag fir ze vergiessen.

E Freideg stinn d'Halleffinalle vun den Dammen um Programm. Um 18:30 Auer trëfft Diddeleng op d'Red Boys Déifferdeng an duerno spille Käerjeng an de Museldall ëm den zweeten Ticket fir d'Finall.


D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Back to Top
CIM LOGO