
D'Red Boys Déifferdeng war bei fënnef Punkten Avance op Diddeleng mat dräi Matchbäll op Esch gefuer a huet direkt deen éischte verwandelt. Domat konnten déi Rout hiren Titel aus der leschter Saison verdeedegen an hiren insgesamt néngte Meeschtertitel feieren. Et ass déi verdéngt Kréinung vun enger dominanter Saison. An den 22 Matcher bis elo gouf et just eng Néierlag (géint Bierchem), dräi Gläichspiller (géint Diddeleng) an 18 Victoiren. D'Zougäng Ilian Goedert an Hakim Jarrar, déi ënnert der Saison vum faillite franséische Club Nanzeg koumen, hunn och hiren Undeel un der Leeschtung.
De Coupegewënner Esch konnt déi éischt 20 Minutten ausgeglach gestalten, huet duerno awer ze vill Feeler an der Attack produzéiert a stoung an der Verteidegung net méi sou kompakt. Déifferdeng, dat virun der Saison déif gestapelt an d'Favoritteroll op de Meeschtertitel clever un Diddeleng ofginn hat, huet sech vun de Paraden, déi den Escher Hugo Figueira am Ufank gewisen huet, net grouss beandrocke gelooss an huet säi Stiwwel weider erofgespillt. No 23 Minutte konnte sech d'Gäscht eng éischt Kéier mat 3 Goler ofsetzen (16:13) a sollte mat dësem Virsprong och an d'Paus goen (21:18).
Nodeems Déifferdeng no 40 Minutte mat 4 Goler a Front louch (25:21), hat ee sech op eng kloer Victoire fir déi Rout agestallt. Mee d'Ekipp vum Trainer Marc Breser, deen eréischt virun der Saison d'Rudder bei der Red Boys iwwerholl huet, hat duerno e klengen Duerchhänger an Esch konnt trotz Ënnerzuel de Match nees méi enk gestalten. Déifferdeng hat an der 50. Minutt eréischt 8 Goler am zweeten Duerchgang geschoss, wat Esch fir den Ausgläich genotzt huet (29:29). Duerno hunn déi Rout awer nees den Turbo gezünt a konnten de Match an der Crunchtime decidéieren. Um Enn stoung et 36:31 fir d'Red Boys, déi domat nom Supercup déi zweet Coupe fir dës Saison an d'Luucht hiewen.
Mat dësem Resultat steet zwee Spilldeeg viru Schluss fest, dass weeder Diddeleng nach Bierchem d'Red Boys nach afänke kënnen. Déifferdeng kann domat entspaant an déi lescht Matcher géint eeben dës Géigner goen. Den HBD spillt e Samschdeg zu Käerjeng an d'Réiserbänner treffen doheem op de Standard. Dës Matcher si just nach fir d'Statistik.
No der Espérance Rëmeleng de leschte Weekend, huet och de Chev Dikrech sech seng Plaz fir déi nächst Saison an der héchster lëtzebuergescher Liga geséchert. E Freideg den Owend huet d'Ekipp vum Trainer Blagojce Krstev 31:22 beim HB Leideleng gewonnen. Leideleng war déi eenzeg Ekipp, déi Dikrech nach anhuelen hätt kënnen. D'Lokalekipp konnt den Tempo just déi éischt Hallschent matgoen (11:14), well nom Säitewiessel huet Dikrech de Virsprong séier ausgebaut an um Enn däitlech gewonnen.
Nodeems d'Red Boys Déifferdeng dës Woch mat der iwwerraschender Entloossung vum Dammentrainer Michel Scheuren grousst Onverständnis op sech gezunn an onnéideg Onrou an d'Banneliewe bruecht hat, war de Veräin déi Deeg duerno beméit, de Fokus op déi zwee wichteg Matcher vun den Hären an den Dammen dëse Weekend ze leeën. Dem laangjärege Klubidol Scheuren gouf mat enger Fotocollage op de Sozialen Netzwierker fir säin Engagement Merci gesot. Nodeems de Kommitee decidéiert hat, fir mat engem aneren Trainer an déi nei Saison ze goen, hat de Michel Scheuren mat Effet immédiat e Schlussstréch gezunn. Doduerch war d'Red Boys ënner Zuchzwang, op de leschten Drécker en aneren Trainer ze fannen.
Net méi spéit wéi e Freideg am Nomëtteg huet de Veräin aus der Cité du Fer nees op de Sozialen Netzwierker annoncéiert, dass de Stéphane Mina, den Trainer vum HB Diddeleng vun August 2019 bis Oktober 2020, d'Dammenekipp e Samschdeg am Match ëm Plaz 3 géint de Museldall coache wäert. Et dierf een op d'Reaktioun vun der Ekipp gespaant sinn.
De Stéphane Mina ass zu Déifferdeng keen Onbekannten. Vun 2002 bis 2004 hat den haut 58 Joer ale Fransous d'Hären-Ekipp vun der Red Boys trainéiert. An der Saison 2003/04 konnt ee sech eréischt um leschte Spilldag virum Ofstig retten.