Handball: Virschau Final4120 Minutte bis zum Titel

Yannick Glod
Serge Olmo
Déi nächst Deeg steet de Gymnase vun der Coque nees ganz am Zeeche vum Handball-Final4 an der Coupe – souwuel bei der Jugend wéi bei de Senioren.
© Val Wagner (Archiv)

120 Minutten – dat ass d'Dauer, déi zwou vun den aacht Ekippen (Männer a Fraen) vun der nationaler Coupe an domat dem éischten Titel an der Saison trennt; méiglech Verlängerung net abegraff. Mat maximal véier Matcher ass d'Coupe deen Titel, deen am einfachsten ze erreechen ass.

Final 4 am Handball / Virschau vum Serge Olmo

D'Format Final4 gouf eng éischte Kéier 1993 an Däitschland am DHB-Pokal ausgedroen an huet sech zënterhier zu engem beléifte Modus fir national an international Kompetitiounen an der Handballwelt entwéckelt. Zënter 2002 gëtt d'Coupe de Luxembourg an dësem Modus an der Coque ausgedroen – deemno ass et fir d'FLH mat der dësjäreger 25. Editioun e klenge Jubiläum – 2010 ass d'EHF mat der Champions League nogezunn.

Hären: Diddeleng wëll keen Déjà-vu vun 2018 erliewen

Bei den Häre schéngen d'Rollen am Match tëscht Diddeleng a Standard kloer verdeelt, mee den David kann och mol géint de Goliath opmucksen. Dat krut Diddeleng 2018 selwer ze spieren, wéi si an der Halleffinall vum Underdog Péiteng eliminéiert goufen. Déi Schwaarz-Giel haten et Bierchem deemools och an der éischter Finall zënter 1987 schwéier gemaach.

Eng Parallel mat 2018 kann och dëst Joer gezu ginn. Fir de Standard ass et déi éischt Participatioun un enger Halleffinall zënter iwwer 30 Joer. Am Fall vun engem Weiderkomme wär et déi éischt Finall fir d'Stater zënter 1979 (15:25, deemools och géint den HBD).

Zejoert stounge sech Diddeleng a Bierchem an enger eesäiteger Finall géintiwwer, déi d’ Réiserbänner mat 34:28 fir sech entscheet haten an esou den 12. Coupegewënn feiere konnten. Dëst Joer ass déi selwecht Spillusetzung méiglech.

Fir dass et zu dësem Match kënnt, muss den HCB awer de Rekord-Coupegewënner Esch klappen. Den HBE konnt d'Coupe bis elo 33 Mol mat heem huelen (Um. v. d. Red., Titele vun der Fraternelle an der Fola abegraff) a wëll seng Titelsammlung an der 25. Saison no der Fusioun sécher ausbauen. Virun allem sinn d'Escher als Coupe-Ekipp bekannt a wëllen no engem Joer Abstinenz de Gymnase vun der Coque nees zu hirem Doheem maachen.

Dammen: Wie kann den Diddelenger Laf stoppen?

Bei den Damme stellt sech d'Fro, wien Diddeleng vu sengem véierten Titel hannerteneen ofhale kann. D'Chancë stoungen an de leschte Joren ni esou gutt wéi dës Kéier, well d'Ekipp vum Trainer Mikel Molitor virun allem duerch onkonstant Leeschtungen opfält. Den HBD wäert awer alles dru setzen, fir d'Konschtstéck vun 2013 bis 2016 ze widderhuelen an de véierten Titel hannerteneen ze gewannen.

Do wäert d'Red Boys Déifferdeng awer eppes dogéint hunn. No dem batteren a knappen Aus an der Halleffinall ëm d'Meeschterschaft virun enger Woch wëlle Scheuren, Kupke a Co Revanche huelen. Fir Déifferdeng ass et ausserdeem d'Chance op déi zweet Coupefinall a senger Geschicht. Déi éischt Aventure goung 2024 géint de selwechte Géigner verluer, war awer dat éischt Ausruffzeeche vun der opstriewender Leeschtung vum Michel Scheuren sengen Dammen.

Drolecherweis treffen déi selwecht Ekippen an de Coupe-Halleffinallen openeen, déi och am Championnat ëm d'Finall gekämpft haten. Do konnt sech Käerjeng zimmlech kloer géint de Museldall behaapten an hofft och an der Coupe op e Weiderkommen. Den HBK wëll nämlech eng drëtt Kéier ënnert dem neien Numm d'Coupe mat heem huelen; als HBC Bascharage hu si 19 Couppen am Palmarès stoen.

Déi grouss Fro wäert sinn, wéi de Museldall sech vun der héijer Néierlag 10 Deeg virdrun erhuele wäert an ob d'Lëscht vu Blesséierte méi kleng ginn ass. Anescht wéi am Championnat geet ee Match an der Coupe duer, fir weiderzekommen. An dorop wäert den Trainer Jeff Paulus seng Dammen aschwieren.

Kaderprogramm

Am Virfeld vun de Finallen e Samschdeg an e Sonndeg steet de Kampf ëm d'Coupe an enger Rei Jugendkategorien, der Zukunft vum Lëtzebuerger Handball, um Programm.

E Samschdeg wäert et och eng Demonstratioun vum Rollstullhandball ginn. Hei wäert d'Ekipp vun Diddeleng, d'Fox Riders, um 18 Auer géint d'belsch Ekipp Cap2Sports Wheelchair Handball Team untrieden. D'Ekippen am Rollstullhandball bestinn zu 50 Prozent aus Leit mat reduzéierter Mobilitéit a 50 Prozent Net-PMRen.

Den HBD huet sech dem Sujet Inklusioun verschriwwen an dës Ekipp an de leschte Méint opgebaut. D'Fox Riders spillen an der Ligue Grand Est de Handball – Hand Ensemble.

Et waart op alle Fall nees en Handballfest op d'Ekippen an d'Spectateuren.

Back to Top
CIM LOGO