BundesligaWichteg Succèse fir Bremen, Gladbach a St. Pauli, Remis tëscht Leverkusen a Mainz

Ted Koob
Fir Heidenheim gesäit et no der Néierlag zu Bremen ëmmer méi schlecht aus. D'Ekipp vum Frank Schmidt huet elo 9 Punkte Réckstand op déi 15. Plaz.
© CARMEN JASPERSEN / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Bremen huet doheem mat 2:0 géint Heidenheim gewonnen. An der 1. Hallschent war Bremen iwwerleeën an huet bescht Chancë leie gelooss. Mam 0:0 goufen d’Säite gewiesselt. An der 57. Minutt konnt de Milosevic d’Ekipp vun der Weser 1:0 a Féierung bréngen. D’Gäscht hunn an der Suite méi an d’Spill no vir investéiert, sinn awer net wierklech geféierlech virun de Bremer Gol koum. Mat der leschter Aktioun vun der Partie huet den Heidenheimer Behrens mat engem Selbstgol fir den 2:0 fir Bremen gesuergt.

Hoffenheim huet doheem iwwerraschend mat 0:1 géint St. Pauli verluer. Et war eng animéiert Partie an där Hoffenheim am Ufank déi besser Geleeënheeten hat. D’Gäscht hu mam Danel Sinani an der Startformatioun gespillt a gutt dogéint gehalen. Kuerz virun der Paus ass dem Pereira Lage den 1:0 fir St. Pauli gelongen. An der 2. Hallschent waren d’Gäscht weiderhin op Aenhéicht mat Hoffenheim. Réischt an der Schlussphas huet sech Hoffenheim gutt Chancen erausgespillt, de Vasilj konnt se awer all paréieren.

Gladbach huet sech an der leschter Sekonn mat 1:0 géint Union Berlin behaapt. Zu Gladbach ass an der 1. Hallschent ausser enger Chance vum Gladbacher Diks net vill passéiert. Ouni Goler goufen deemno d’Säite gewiesselt. D’Heemekipp hat och an der 2. Hallschent méi vum Match, Union stoung an der Ofwier kompakt an huet kaum eppes zougelooss. An der Nospillzäit gouf et en Eelefmeter fir Gladbach, deen den Diks erasetze konnt.

En 1:1-Remis gouf et donieft tëscht Leverkusen a Mainz. De Becker hat d’Gäscht a Féierung bruecht, de Quansah konnt 2 Minutte viru Schluss ausgläichen.

Um 18:30 Auer gëtt an der Owespartie nach den däitsche Klassiker tëscht Dortmund a Bayern ugepaff.

An England konnt Liverpool de véierte Succès um Stéck feieren. Hei fannt Dir d’Resultater aus den anere groussen internationale Ligen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO