No nëmmen engem WM-MatchTunesien trennt sech vu sengem Trainer Sabri Lamouchi

AFP, iwwersat vun RTL
Nofollger gëtt den Herve Renard, dee bis ewell déi franséisch Nationalekipp vun de Fraen trainéiert huet.
De Sabri Lamouchi op enger Pressekonferenz virum WM- Match Tunesien - Schweden.
De Sabri Lamouchi op enger Pressekonferenz virum WM- Match Tunesien - Schweden.
© FETHI BELAID/AFP

Tunesien huet op d'1:5-Néierlag a sengem Optaktmatch vun der Futtballweltmeeschterschaft géint Schweden reagéiert a sech vu sengem Trainer Sabri Lamouchi getrennt. Säin Nofollger op der Trainerpositioun gëtt de Fransous Herve Renard. Dat huet déi tuneesesch Futtballfederatioun e Méindegowend op der nationaler Tëlee annoncéiert. De Lamouchi ass domat den éischten Trainer, deen no nëmmen engem Match op enger Weltmeeschterschaft vu sengem Posten entlooss gëtt.

De Renard hat op der leschter Weltmeeschterschaft am Qatar fir eng Iwwerraschung gesuergt. Als Trainer vu Saudi-Arabien hat hie mat senger Ekipp géint de spéidere Weltmeeschter Argentinien gewonnen. No der WM 2022 gouf hien Trainer vun der franséischer Futtballnationalekipp vun de Fraen.

Back to Top
CIM LOGO