
Emotionale Moment beim FC Metz: Op den Dag, zwee Méint no der Brandkatastrophe am Schwäizer Crans-Montana hunn den Tahirys Dos Santos, seng Frëndin Coline an de Lëtzebuerger Eliot Thelen am Kader vum Match vun der franséischer Ligue 1, Metz – Brest, den Ustouss ginn. Allen Dräi waren an der Silvesternuecht an der Bar “Le Constellation”, um Moment, wou d’Feier ausgebrach ass. 41, zum géisten Deel ganz jonk Leit hunn d’Katastrophe net iwwerlieft. Bis haut gi wieder 58 Affer a Klinicke behandelt. Am ganze waren 115 Persoune blesséiert ginn.
Virun 18.000 Spectateuren huet de Speaker vum Stade Saint-Symphorien e Sonndeg zu Recht d’Wuert “Helde” gebraucht.
D’Direktioun vum FC Metz hat de jonke Metzer Verdeedeger Tahirys Dos Santos, seng Frëndin Coline an den Eliot Thelen, deen an Italien, zu Pescara am Mëttelfeld spillt, agelueden. Béid Spiller hu sech am Formatiounszenter vum FC Metz kenne geléiert. Zesumme mat engem weidere Kolleeg ware si fir de Joreswiessel zu Crans-Montana an der Vakanz.
Ganz schwéier verbrannt, hunn den Tahirys Dos Santos a seng Frendin Coline eréischt viru kuerzem konnten d’Klinik zu Metz verloossen.
De Weekend vum 20. Februar hat de President vum Paris Saint-Germain, Nasser al-Khelaïfi, den Tahirys an d’Coline am Kader vum Match PSG-Metz op d’Éierentribune agelueden. Den Dag virdrun hat deen 19 Joer ale Spiller vu Metz seng Kolleegen eng éischt Kéier am Trainingszenter zu Frescaty besicht. Den Tahirys Dos Santos gouf beim Feier zu 30% verbrannt. Déi lescht Wochen huet dee jonke Sportler sech den Ëmstänn no ganz gutt erholl. Hien huet an Tëschenzäit souguer nees mat liichtem Laf-Training ugefaangen. D’Doktere mussen hien éischter bremsen, wéi dat si hien um Wee vun där nach laanger Reeducatioun motivéiere missten.
Bis den 28. Januar hat et gedauert, iert den Tahirys Dos Santos a seng Frëndin Coline sech zu Metz an der Klinik erëm gesinn hunn.
An der dramatescher Nuecht waren alle Béid zesumme mam Eliot Thelen an engem weidere Kolleeg am Bar “Le Constallation”. Um Moment wou et zum Brand koum, huet sech de Lëtzebuerger Eliot um Rez de Chaussée vun der Bar opgehalen. Liicht blesséiert hat den U19-Nationalspiller sech konnten a Sécherheet bréngen.
Den Tahirys Dos Santos a seng Frëndin goufen dogéint ganz uerg verbrannt. Eng 30% vun hirem Kierper war betraff. D’Coline gouf aus der Schwäiz an d’Belsch op Antwerpen geflunn, wou déi jonk Fra wärend 3 Wochen an de Koma geluecht gouf. Nëmmen hier Broscht, de Bauch an d’Gesiicht waren net verbrannt. 3 Mol huet si missen operéiert ginn. Den Tahirys war ënner anerem um Réck, um Hannerkapp an un den Äerm verbrannt. Hi gouf ee Mol operéiert. De Spiller vum FC Metz war zeréck an d’Feier, fir seng Frëndin, déi am Keller vun der Bar op der Toilette war, ze retten. Nees eraus aus de Flamen, huet sech säi Kolleeg Eliot wärend den éischte Minutten ëm den Tahirys gekëmmert.