Nationale FuttballSwift Hesper muss Maurice Deville ronn 250.000 Euro nobezuelen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet een Urteel erginn, dat RTL virläit. Den 61-fachen Nationalspiller krut am August 2024 ouni Grond gekënnegt.
© RTL-Archiv

Vun 2022 bis 2024 huet de Maurice Deville beim Swift Hesper gespillt, do wou hien och mam Futtball ugefaangen huet. 2023 gouf hien Champion mam Veräin vum Holleschbierg. Zwar ass den 33 Joer ale Stiermer mëttlerweil beim Opsteiger Jeunesse Kanech aktiv an awer ass dat Kapitel Swift Hesper nach net ganz eriwwer.

2022 hat de Maurice Deville souwuel e “Contrat de travail à durée indéteriminée” CDI, wéi och e Spillerkontrakt iwwer 4 Joer um Holleschbierg ënnerschriwwen. De Spillerkontrakt huet d’Durée vum Kontrakt determinéiert, de CDI dogéint d’Aarbechtsverhältnis tëscht dem Maurice Deville an Hesper.

No senger Kënnegung, déi hien ouni Begrënnung krut, huet hie géint de Swift geklot. Enn Dezember d’lescht Joer gouf dunn d’Urteel an éischter Instanz gesprach. Hesper muss dem 61-fachen Nationalspiller wéinst “Licenciement abusif” 253.890,07 Euro réckwierkend op déi 23 Méint, déi de Maurice Deville nach als Spiller Kontrakt beim Swift hat, nobezuelen. Dës Zomm setzt sech aus materiellem an immateriellem Schued zesummen. Donieft muss Hesper och d’Geriichtskäschten iwwerhuelen.

De Maurice Deville huet op RTL-Nofro op dëst Urteel reagéiert, wëll awer elo d’Suite an dëser Affär ofwaarden: “Ech ka soen, datt dat d’Urteel ass, wat an der éischten Instanz geschwat gouf. Hesper ass an den Appell gaangen. An dat géif ech elo gär ofwaarden, éier ech mech am Detail zu allem géif äusseren. Ëm de Rescht këmmere sech meng Affekoten.”

Dem Maurice Deville seng Reaktioun zum Urteel

Ob RTL-Nofro hi wollt den Hesper President Fernand Laroche zwar keng Stellung ofginn, huet eis awer och confirméiert, datt de Swift an Appell gaangen ass.

An Vergaangenheet goufen et ëmmer nees Diskussiounen ëm déi finanziell Situatioun vun Hesper. Ënner anerem krut de Swift verschidden Transfertspäre vun der UEFA.

Back to Top
CIM LOGO