
Och an der Europa League goufen en Donneschdeg d’Retourmatcher vun de Playoffs gespillt. Aacht vun de 16 Ekippe kommen an d’Aachtelsfinallen, wou déi beschten aacht Ekippe schonn op si waarden. Qualifizéiert hat sech schonn Lyon, Aston Villa, Midtjylland, Betis, Porto, Braga, Freiburg an den AS Roum.
VFB Stuttgart - Celtic Glasgow 0:1
0:1 McCowan (1')
D’Gäscht aus Schottland sinn zu Stuttgart perfekt an de Match gestart. Nach keng 60 Sekonne ware gespillt, do konnte si sech iwwert de Gol vum McCowan freeën. Dës fréi Féierung war mam Bléck op den Allersmatch wichteg, well hei haten déi Däitsch sech mat 4:1 duerchgesat. De fréiere Réckstand huet d’Stuttgarter net wierklech geschockt, mä lues awer sécher hu si d’Partie u sech gerappt. Si hate knapp duebel esou vill Ballbesëtz wéi d’Gäscht an hate mat 24 zu 4 Schëss och an deem Beräich d’Nues vir. Eenzege Bemol: De Ball wollt net iwwer d’Linn goen. Dunn an der 76. Minutt konnten d’Fans jubelen, well Stuttgart getraff hat. D’Freed war awer just vu kuerzer Dauer, well de VAR huet de Gol zeréckgeholl. Den Undav stoung am Abseits. Trotz der Stuttgarter Dominanz an dësem Match blouf et awer bei der knapper 0:1 Néierlag. Duerch d’Resultat aus dem Allersmatch war een dann awer weider.
Viktoria Pilsen - Panathinaikos 1:2 (n.E)
0:1 Tetteh (9'), 1:1 Spacil (62')
No engem 2:2 am Allersmatch war an der Partie tëscht den Tscheche vu Pilsen an den Griiche vu Panathinaikos nach alles dran. D’Gäscht waren dann och fréi duerch den Tetteh a Féierung gaangen a stoungen domadder mat engem Fouss an der nächster Ronn. D’Tschechen u sech awer net opginn an hu sech no eppes méi wéi enger Stonn duerch de Spacil zeréck an de Match an an den Duell gekämpft. Dréinen, konnte si d’Partie awer net. Esou stoung et no 90 Minutten 1:1, wat bedeit huet, datt et an d’Nospillzäit geet. Och hei konnt kee vu béide sech duerchsetzen a Panathinaikos huet 15 Minutten an Ënnerzuel misste spillen, well den Hernandez an der 105. Minutt déi rout Kaart krut. Ma dat konnt d’Heemekipp net ausnotzen an esou goung et an Eelefmeterschéissen. Direkt déi zwee éischt Dueller goungen un d’Golkipper, ma dono hunn d’Griichen all hir Bäll erageschoss. De Souare war et dunn, dee fir Pilsen de 4. Eelefmeter verschoss hat an esou gouf seng Ekipp an dësem Duell eliminéiert.
Nottingham Forest - Fenerbahçe Istanbul 1:2
0:1 Aktürkoglu (22'), 0:2 Aktürkoglu (48',p), 1:2 Hudson-Odoi (68')
No enger 0:3-Néierlag doheem war Fenerbahçe an England gefuerdert, fir nach eng Ronn weiderzekommen. Si haten dann och an der éischter Hallschent déi méi geféierlech Zeene virum Gol a konnten no 22 Minutten duerch den Aktürkoglu a Féierung goen. Beim 1:0 ass et du bis zu der Paus och bliwwen. Ma zimmlech direkt nom Säitewiessel, an der 48. Minutt, hunn d’Tierken op 2:0 erhéicht, dat vum Punkt no engem Foul am 16 Meter un engem vun hire Spiller. Et war dem Aktürkoglu säin 2. Gol an dëser Partie. Elo war den Drock op d’Heemekipp do. Nach ee Gol an d’Tierke géife sech eng Verlängerung erkämpfen. Ma no bal 70 Minutten huet den Hudson-Odoi dësen Drock erausgeholl, wéi hien op 1:2 verkierzt huet. Elo hätt Fenerbahçe nees zwee Goler gebraucht, fir eng Verlängerung ze erzwéngen. Bis zum Ofpëff sollt hinnen awer kee méi geléngen, esou datt Nottingham wéi och scho Stuttgart trotz enger Néierlag doheem weider ass.
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Europa League ze kommen.