
St. Pauli huet den 2. Succès an der 1. Bundesliga hannertenee gefeiert. Zu Hoffenheim huet ee sech mat 1:0 behaapt. Den Danel Sinani stoung vun Ufank un um Terrain a gouf nach an der 1. Hallschent wéinst Meckere verwarnt. An der 88. Minutt huet de Lëtzebuerger den Terrain no senger Auswiesslung verlooss.
Den Opstig war an der 2. Liga an der Belsch fir Beveren scho kloer. Um Samschdeg gouf et fir de Laurent Jans a Co en 2:0-Succès géint OC Charleroi. Den Ofwierspiller huet duerchgespillt.
De Seid Korac souz beim 1:1-Remis vu Venedeg beim FC Südtirol de ganze Match op der Bänk. Trotz dem Remis bleift Venedeg op der 1. Plaz an der Tabell an huet gutt Chancen op den Opstig.
Bei den 1:2-Defaite vu Winterthur zu St. Gallen war de Marvin Martins net am Kader. An Holland war den Yvandro Borges bei der 1:3-Defaite vun Almelo géint PSV och net am Kader.