Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSeid Korac a Venedeg verdeedegen Tabelleféierung an der Serie B

RTL Lëtzebuerg
A Polen gouf et iwwerdeems eng knapp Defaite fir de Sébastien Thill mat Stal Rzeszow.
© MARCO ZAC NURPHOTO NURPHOTO VIA AFP 13092025

An der zweeter italieenescher Liga konnt Venedeg sech doheem 2:0 géint Reggiana behaapten. De Seid Korac ass op Säite vun den Haushären no 85 Minutten agewiesselt ginn. No der Defaite vu Monza läit Venedeg elo mat 3 Punkten Avance un der Tabellespëtzt.

An der zweeter Divisioun a Polen huet Stal Rzeszow auswäerts 1:2 géint Legnica verluer. De Sébastien Thill stoung bei Rzeszow an der Startformatioun a gouf an der 79. Minutt beim Score vun 1:1 ausgewiesselt.

Freideg

An der 2. franséischer Liga gouf et een 2:2 tëscht Pau a Bastia. Bei Bastia stoung de Florian Bohnert an der Startformatioun a gouf an der 84. Minutt ausgewiesselt. Bastia bleift mat deem Remis op der leschter Tabelleplaz.

No 3 Defaiten um Stéck konnt St. Pölten mam Dirk Carlson sech e Freideg 4:0 géint déi 2. Ekipp vu Rapid Wien behaapten a sech domat aus der Kris schéissen. De Carlson stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain. St. Pölten bleift domat un der Spëtzegrupp drun an huet weider gutt Chancen op den Opstig.

A Saudi-Arabien huet Al-Khaleej sech mam Anthony Moris 2:1 géint Al Hazem duerchgesat. De Moris stoung bei der Lokalekipp wéi gewinnt de ganze Match tëscht de Pottoen.

D’Resultater aus der Liga Portugal.

Back to Top
CIM LOGO