Dës Woch stoung déi lescht Trainingswoch fir d’U17-Nationalekipp um Programm, éier et an d’Summerpaus geet. Fir eng Partie Spiller geet et duerno eng Etage méi héich bei d’U19. Fir hiren Trainer geet et souguer zwou Etage méi héich bei d’U21. Souwuel fir déi Responsabel, wéi och fir de René Peters war et e logesche Schratt.
René Peters – Neien U21-Nationaltrainer: "Et ass schonn e bëssen de Plang gewiescht, dass mer lues a lues Erfarung ënne sammelen a fir dann eng Kéier uewen hin. Et ass elo méi séier gaangen, wéi mer geduecht hunn, well et war elo net geplangt, dass de Mario lo direkt fort wär, mee awer schéin."
Manuel Cardoni – Directeur Technique National: "Ech menge schonn, dass et de logesche Schrëtt war. Et ginn e puer Aspekter. De René huet iwwer 90 Lännermatcher fir Lëtzebuerg
gespillt. Ech menge war och eng Zäitche Kapitän. En huet elo an deene leschte Joren d'U15 bis U17 trainéiert. Elo ass et scho praktesch seng zweet Campagne U17. An ech mengen, mat der Erfarung, déi hie mat sech bréngt, war et am Fong de logesche Schrëtt."
De René Peters ass keen onbeschriwwent Blat am Lëtzebuerger Fussball. 92 Mol huet hie fir d’A-Nationalekipp gespillt. De 45 Joer ale fréiere Mëttelfeldspiller stoung ënner anerem beim Standard Léck, der Jeunesse Esch an dem CS Gréiwemaacher ënner Kontrakt, éier hien 2019 seng Schong zu Hueschtert un den Nol gehaangen huet an do seng éischt Schrëtt am Trainerberäich gemaach huet. Bei der FLF souz hie well bei der U15, U16 an U17 op der Trainerbänk. All dës Erfarungen si vu Virdeel, fir den neie Posten bei der U21.
René Peters: "Ech mengen, dass dat schonn e Virdeel ass, wann een och mat de Spiller schwätzt, well een eeben einfach och genau weess, wéi se sech fillen a verschiddene Momenter an och wéi esou eng Preparatioun muss gemaach ginn. Duerfir, dat ass sécherlech e Virdeel, dat ass net alles, et gehéiert ganz vill Preparatioun dozou, ganz vill Kommunikatioun mat deenen eenzele Leit, net nëmme mat de Spiller. Et ass alles vill méi grouss ginn, wéi dat nach zu menger Zäit war. Do war dat awer nach e bësse méi Amateur wéi elo. Elo ass dat och schonn hei op der FLF relativ professionell an duerfir, dat ass schonn eng gutt Aufgab."
Manuel Cardoni: "De René ass ee ganz poséierten Trainer, dee sech och emol selbstkritesch hannerfreet a sengen Entscheedungen, déi en da geholl huet virum Match oder wärend dem Match. Do ass en an där Hinsicht ganz selbstkritesch. Hie passt och gutt an d'Struktur, well e sech och freet, déi nächst Spiller lues a lues mam Jeff zesummen an natierlech mat mir ze kucken, wéi mer kënnen an deenen nächsten 1 bis 3 Joer och ze preparéieren, fir an d'A-Ekipp. Lauter Saachen, déi mer an deene leschte Jore mengen ech awer guer net esou schlecht hikruten."
De fréieren Nationalspiller iwwerhëlt domadder d'Successioun vum Mario Mutsch, deen zu Metz ënnerschriwwen huet.
De René Peters iwwerhëlt d’U21 bannent enger lafender Campagne. Déi jonk rout Léiwe stinn no 6 Spilldeeg op der 5. Plaz am Grupp C vun der EM-Qualifikatioun. Nach bleiwe 4 Matcher ze spillen, ënner anerem deen auswäerts a Frankräich. Keng ideal Ausgangspositioun fir eng Ekipp ze iwwerhuelen.
René Peters: "Et muss ee soen, dann ass een direkt dran. Et si interessant Géigner. Et huet een e bësse vun allem an et huet een net vill Zäit ze iwwerleeën. Et gëtt natierlech elo e bësse stresseg, dat Ganzt ze preparéieren. Et muss een Analysë maachen, et muss een déi eege Spiller analyséieren, well do awer villäicht deen een oder aneren dobäi ass, deen een net esou gutt kennt, anerer kennt ee scho laang. Et sinn ganz vill Joergäng dobäi, déi ech awer véier Joer hat. Dat heescht, do ass et e bësse méi einfach. Et ass e bësse méi komplizéiert fir déi Spiller, déi een eeben nach net hat. Mee et ass eng Erausfuerderung an als Trainer muss een dat och kënnen."
Mam Hamza Kadamani, dem Enzo Dos Santos an dem Miguel Goncalves koumen e puer jonk Spiller bei deene leschte Frëndschaftsmatcher vun der A-Ekipp zum Asaz. Dat soll och weiderhin de Wee sinn, fir d’Talenter aus der U21 un den A-Kader erun ze féieren. Dofir ass et weiderhin wichteg och bei der U21 mat Courage géint grouss Natiounen ze spillen.
René Peters: "Mir bauen jo eigentlech eppes op fir an d'A-Ekipp, wou mer och do wëlle Spiller hunn, déi eng Mentalitéit hunn, déi och do géint gutt Géigner wëlle matspillen an och emol Punkte géint gutt Géigner huelen. Dat geet eeben och elo bei der U21 un. An dat ass och esou wéi mer de Match preparéieren. Mir wëssen elo scho wéi eng Géigner mer kréien. D'Stäerkte vun de Géigner, ech menge mir hu se scho gespillt, mir wësse wéi d' Resultater waren. Et ware gutt Resultater dobäi, et waren e bësse méi komplizéiert Resultater dobäi. Déi Erfarung aus deene Matcher, déi huele mer elo mat, fir eeben déi bescht méiglech Resultater géint déi do ze huelen."
Den 1. August fänkt dem René Peters säin Engagement offiziell bei der U21 un. Den éischte Match ass dann de 25. September auswäerts an der Schwäiz.