Champions LeagueReal Madrid steet no Victoire géint Benfica an den 1/8-Finallen

Jeff Birsens
No der Victoire aus dem Allersmatch ass et fir Real och am Retourmatch en 2:1-Succès géint Benfica an de Leandro Barreiro ginn, duerch déi sech déi Kinneklech nach eng Plaz an den 1/8-Finalle geséchert hunn.
SL Benfica's Luxembourgish midfielder #18 Leandro Barreiro (L) goes for a header with Real Madrid's French midfielder #06 Eduardo Camavinga during the UEFA Champions League knockout round play-off second leg football match between Real Madrid CF and SL Benfica at Santiago Bernabeu Stadium in Madrid on February 25, 2026.
De Leandro Barreiro stoung e Mëttwoch den Owend am Bernabeu an der Starteelef.
© AFP

E Mëttwoch den Owend goufe mat de Retourmatcher vun de Playoffen déi lescht véier Tickete fir d'1/8-Finalle verdeelt. Am Duell tëscht Real Madrid a Benfica Lissabon, an deem de Leandro Barreiro an der Starteelef stoung, hu sech déi Kinneklech um Enn mat engem 2:1 duerchgesat.

Borussia Dortmund gouf dann no engem Eelefmeter an der 90+8. Minutt géint Atalanta Bergamo eliminéiert an de PSG konnt sech duerch en 2:2 géint Monaco eng Plaz ënnert de leschte 16 Ekippe sécheren.

Am Duell tëscht Juventus a Galatasaray war et donieft nach an d’Verlängerung gaangen, nodeems d’Bianconeri den 2:5-Réckstand aus dem Allersmatch nach ophuele konnt. Do war et dann awer d’Ekipp aus Isrtanbul, déi sech den Ticket fir d'1/8-Finallen an Iwwerzuel duerch zwee weider Goler net méi huele gelooss huet.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video

Real Madrid - Benfica Lissabon 2:1
0:1 Rafa (14'), 1:1 Tchouameni (16'), 2:1 Vinicius Jr (80')

Mam Leandro Barreiro an der Starteelef ass d’Ekipp aus Lissabon am Bernabeu zu Madrid engagéiert an d’Partie gestart. De José Mourinho, deen duerch seng Rout Kaart am Allersmatch op der Tribün souz, huet no enger knapper véierel Stonn dann de Féierungsgol vu senger Ekipp gesinn. No enger flaacher Flank vum Pavlidis konnt de Courtois zwar ufanks nach e Selbstgol vu sengem eegene Matspiller verhënneren, deen de Ball ongewollt Richtung eegene Gol geschoss hat, ma fir den Noschoss stoung de Rafa op der richteger Plaz. Laang huet dës Féierung awer net ugehalen, well nëmmen zwou Minutte méi spéit konnt den Aurelien Tchouameni mat engem prezise Schoss aus 20 Meter nees ausgläichen. Real Madrid krut de Match e bëssen op seng Säit gezunn a knapp 10 Minutte méi spéit louch de Ball eng weider Kéier am Gol, ma duerch eng Abseitspositioun huet dësen net gezielt.

Nom Säitewiessel waren et ufanks da weider déi Kinneklech, déi besser aus der Paus eraus gestart sinn. An der 60. Minutt hat Benfica dann awer eng gutt Chance op den 2:1. Duerch e Ballgewënn vum Leandro Barreiro war de Rafa kuerz virum Strofraum zum Ofschloss komm, ma säi Schoss mam Ausserëst gouf awer liicht ofgefälscht an huet d’Lat getraff. E grousse Schratt Richtung 1/8-Finalle gouf dann 10 Minutte viru Schluss gemaach. Duerch eng gutt ausgespillt Attack vum Real hat de Vinicius Jr sech d’Chance net entgoe gelooss, fir op 2:1 ze setzen. Den Ecart vun zwee Goler kruten déi Kinneklech da sécher iwwert d’Zäit bruecht.

All d'Goler vum Match Real Madrid géint Benfica Lissabon
Real Madrid konnt de Match trotz engem fréie Géigegol nach dréinen
Déi bescht Zeene vum Match Real Madrid géint Benfica Lissabon
Benfica ass et net gelongen, de Réckstand aus dem Allersmatch opzehuelen

PSG - Monaco 2:2
0:1 Akliouche (45'), 1:1 Marquinhos (60'), 2:1 Kvaratskhelia (66'), 2:2 Teze (90+1')

De Resumé vum Match PSG géint Monaco
En 2:2 ass PSG am Retourmatch duergaangen, fir sech eng Plaz an den 1/8-Finallen ze sécheren

Juventus - Galatasaray 3:2
1:0 Locatelli (37'), 2:0 Gatti (70'), 3:0 McKennie (82'), 3:1 Osimhen (105+1'), 3:2 Yilmaz (119')

De Resumé vum Match Juventus géint Galatasaray
Juventus huet et zwar nach an d’Verlängerung gepackt, do konnt sech dann awer Galatasaray duerchsetzen

Atalanta Bergamo - Borussia Dortmund 4:1
1:0 Scamacca (5'), 2:0 Zappacosta (45'), 3:0 Pasalic (57'), 3:1 Adeyemi (75'), 4:1 Samardzic (90+8')

De Resumé vum Match Atalanta géint Dortmund
Duerch e spéiden Eelefmeter huet sech um Enn Bergamo duerchgesat


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Champions-League-Artikel vum Dënschdeg, 25. Februar 2026

Back to Top
CIM LOGO