Am internationale Futtball war en Donneschdeg den Tirage vun der nächster Nations League, déi vu September bis November dëst Joer wäert gespillt ginn.
Fir Lëtzebuerg kommen zwou Varianten a Fro:
- De Fall gesat, d'FLF-Selektioun wënnt am Mäerz de Playoff géint Malta, da bleift een an der Liga C. Deen Ament wieren d'Geigner Island, Bulgarien an Estland.
- Wann d'Rout Léiwen ofsteigen, géife se géint Andorra an géint de Verléierer aus dem Playoff-Duell tëscht Gibraltar a Lettland spillen.
Liest hei de Communiqué vun der FLF.