
No Statiounen an der Ukrain, Portugal, Éisträich, Holland an an der Schwäiz wiesselt de Marvin Martins bei FK Liepaja a Lettland. Et ass dem 31 Joer alen Defenseur säi 6. Profiveräin. Den 41-fache Lëtzebuerger Nationalspiller hat réischt am Summer beim FC Winterthur an der Schwäiz ënnerschriwwen. Ufank Februar gouf säi Kontrakt do awer opgeléist.
D’lescht Saison koum den FK Liepaja an der éischter lettescher Divisioun op déi 3. Plaz an hat sech domadder fir d’Conference-League-Qualifikatioun qualifizéiert. Do goufe si dunn am éischten Tour vu Vikingur Gota vun de Färörer Inselen eliminéiert.
De lettesche Championnat ass nach net amgaangen. Fir FK Liepaja fänkt d’Saison réischt de 7. Mäerz un an dat direkt mat der Partie géint de lettesche Champion vum leschte Joer, den FC Riga.