Afrika-Cup-SkandalSenegal zitt no Verloscht vun Titel viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
Déi afrikanesch Futtballfederatioun huet erkläert, dass Marokko den Titel zougesprach kritt, well Senegal kuerz viru Schluss vum Match den Terrain onerlaabt verlooss hat. D'Affär wäert virun den CAS goen.
Senegal huet d'Victoire oferkannt kritt a muss d'Coupe zeréckginn
Senegal huet d’Victoire oferkannt kritt a protestéiert géint déi Decisioun
© Foto von SEBASTIEN BOZON / AFP

Viru ronn zwee Méint hat Senegal déi dramatesch Finall vum Afrika Cup 1:0 no Verlängerung géint Marokko gewonnen. Déi afrikanesch Futtballfederatioun CAF huet en Dënschdeg den Owend annoncéiert, dass Marokko den Titel vum Afrikameeschter zougesprach kritt.

De Grond: Senegal hat den Terrain verlooss, wéi Marokko kuerz viru Schluss en Eelefmeter accordéiert kritt hat. Den Nationaltrainer Pape Thiaw hat seng Ekipp an d’Kabinne geschéckt an eréischt no enger Partie Minutten erëm op den Terrain goe gelooss. Dëst ware Verstéiss géint d’Artikelen 82 a 84 vun der afrikanescher Futtballuerdnung, géint déi Marokko Beruffung ageluecht hat.

Am Communiqué vun der CAF heescht et, dass d’Commission d’appel vun der CAF decidéiert huet, datt laut den Artikelen 82 a 84 vum Reglement d’Partie fir de Senegal als verluer gëllt an d’Resultat mat 3:0 zugonschte vun der Fédération Royale Marocaine de Footbal RFMF ausfält. Am Reglement heescht et, “sollt sech eng Ekipp aus iergendengem Grond... weigeren ze spillen oder den Terrain virum regulären Enn ouni Geneemegung vum Arbitter verloossen, gëllt se als Verléierer a scheet endgülteg aus der Competitioun aus.”

Déi afrikanesch Futtballfederatioun huet ausserdeem matgedeelt, datt keen Asproch méiglech wier géint déi Decisioun.

Reaktiounen

Domat bleift Senegal just nach d’Méiglechkeet, virun dat héchste Sportsgeriicht CAS ze zéien, wat d’Futtballfederatioun vum westafrikanesche Land nom Urteel och direkt annoncéiert huet. De Generalsekretär Abdoulaye Seydou Sow huet ausserdeem erkläert, dass d’Coupe “d’Land net verloosse wäert”. Dat Ganzt wier eng Schan fir den afrikanesche Futtball.

Eng Rei Spiller vu Senegal, wéi den Habib Diarra vum FC Sunderland an de Pathé Ciss vu Rayo Vallecano, hu sech mat offällege Kommentaren op de Soziale Medie gemellt, nodeems d’Urteel bekannt gi war.

De fréiere senegaleeseschen Nationaltrainer Claude Le Roy schéisst virun allem géint den Gianni Infantino an den CAF-President Patrice Motseppe, deen hien als Vasal vum FIFA-President bezeechent. Den Infantino géif sech als “Trump vum afrikanesche Futtball” gesinn, dee sech mat sengen Tricksereien alles erlabe kéint. De Le Roy geet dovun aus, dass Senegal sech nach wäert duerchsetzen. Mee et wier erbäermlech fir den Image vum afrikanesche Futtball. Déi ganz Futtballwelt géing iwwert de Kontinent laachen, sou de Le Roy weider.

Marokko bleift diplomatesch

Déi marokkanesch Federatioun huet d’Entscheedung zur Kenntnis geholl a matgedeelt, dass hire Protest sech net géint de sportlechen Ausgang vun der Finall géing riichten. Si fuerdere just, dass d’Reglement vun der Competitioun richteg ëmgesat gëtt.

Positiv opgeholl gi war d’Decisioun vum Brahim Diaz. De marokkanesche Spiller vu Real Madrid war zum trageschen Held ginn, wéi hien den Eelefmeter, deen déi de ganze Skandal ausgeléist hat, verschoss hat. Op der Bänk vun der Champions League Partie géint Manchester City war him d’Entscheedung matgedeelt ginn, wouropshin him en erliichtert Laachen iwwer d’Gesiicht gehuscht war.

Back to Top
CIM LOGO