Den Iwwerbléck vum internationale FuttballLiverpool verléiert zu Brighton an deemno wéi den Uschloss un d'Champions-League-Plazen

Jeff Birsens
Duerch eng 1:2-Defaite géint Brighton kann de Réckstand vun de Reds op eng Champions-League-Plaz op fënnef Punkte wuessen.
Liverpool's French striker #22 Hugo Ekitike reacts after picking up an injury during the English Premier League football match between Brighton and Hove Albion and Liverpool at the American Express Community Stadium in Brighton, southern England on March 21, 2026. (Photo by Glyn KIRK / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE. NO USE WITH UNAUTHORIZED AUDIO, VIDEO, DATA, FIXTURE LISTS, CLUB/LEAGUE LOGOS OR 'LIVE' SERVICES. ONLINE IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO VIDEO EMULATION. SOCIAL MEDIA IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO USE IN BETTING PUBLICATIONS, GAMES OR SINGLE CLUB/LEAGUE/PLAYER PUBLICATIONS.
Den Hugo Ekitiké huet sech am Match géint Brighton blesséiert.
© AFP

E Samschdeg ass de Ball an den internationale Futtballchampionnater nees gerullt. Eng kleng Iwwerraschung gouf et dobäi zu Brighton, wou een den FC Liverpool mat 2:1 klappe konnt. Am Kampf ëm d’Champions-League-Plazen ass dat e Réckschlag fir d’Reds, well de Réckstand elo bei enger Victoire vun Aston Villa op fënnef Punkte wuesse kann. An Italien huet sech Cremonese duerch eng 2:0-Victoire géint Parma vun den Ofstigsplaze befreit.

An der däitscher Bundesliga gouf et an engem spannenden Derby tëscht Köln a Gladbach sechs Goler, ma kee Gewënner. Donieft huet och den FC Bayern seng Aufgab gemaach.

Premier League

Brighton - Liverpool 2:1
1:0 Welbeck (14'), 1:1 Kerkez (30'), 2:1 Welbeck (56')

No 14 Minutte war dem Danny Welbeck den 1:0 per Kappball gelongen, dat an enger Partie, déi e puer spilleresch Schwieregkeeten op béide Säit gewisen huet. Duerch ee Feeler vun der heemescher Defense stoung et dann no enger hallwer Stonn 1:1. Den Dunk wollt de Ball mam Hannerkapp Richtung eegene Golkipp käppen, ma de Kerkez hat sech do dertëscht geschlach a konnt dëse laanscht de Verbruggen an de Gol schéissen. An der zweeter Hallschent war Liverpool dann e Stéck méi wakreg, huet awer relativ séier den zweete Gol kasséiert, dat op en Neits duerch den Danny Welbeck. Fir de Rescht vun der Partie huet Brighton alles gemaach, fir den 2:1 ze verdeedegen. Liverpool sollt et net méi geléngen eng Äntwert ze weisen a muss um Enn e grousse Réckschlag an der Lutte ëm d’Champions League astiechen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Parma - Cremonese 0:2
0:1 Maleh (54'), 0:2 Vandeputte (68')

AC Mailand - FC Turin 3:2
1:0 Pavlovic (37'), 1:1 Simeone (44'), 2:1 Rabiot (54'), 3:1 Fofana (55'), 3:2 Vlasic (83')

Den AC Mailand huet sech mat 3:2 géint den FC Turin duerchgesat a kann den Drock op de Leader Inter liicht halen. D’Gäscht waren dobäi net schlecht an de Match gestart a si konnten dem Favorit vu Mailand gutt dergéinthalen. No engem schéine Gol fir AC vum Pavlovic war et de Gäscht kuerz virun der Paus nach gelongen, op 1:1 auszegläichen. Zwee séier Goler bannent zwou Minutten hunn d’Haushären nom Säitewiessel dann awer nees an eng gutt Situatioun bruecht. Zwar konnt Turin nach eemol verkierzen, ma fir ee Punkt sollt et um Enn net méi duergoen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Toulouse - Lorient 1:0
1:0 Emersonn (81')

Auxerre - Brest 3:0
1:0 Okoh (24'), 2:0 Okoh (58'), 3:0 Danny Namaso (70')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Espanyol - Getafe 1:2
0:1 Domingos Duarte (45+3'), 0:2 Arambarri (45+2'), 1:2 Fernandez (68')

Osasuna - Girona 1:0
1:0 Budimir (80')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO