Den Iwwerbléck vum internationale FuttballLiverpool klappt West Ham, ManCity verkierzt Réckstand op Arsenal

Ted Koob
Newcastle huet donieft doheem eng batter Néierlag géint Everton agestach. Barcelona konnt e souveräne Succès feieren.
© PAUL ELLIS / AFP

An der Bundesliga konnt Bremen wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig sammelen.

Neapel konnt an der Serie eng Last-Minute-Victoire feieren.

Premier League

Liverpool - West Ham 5:2
1:0 Ekitiké (5'), 2:0 van Dijk (24'), 3:0 Mac Allister (43'), 3:1 Soucek (49'), 4:1 Gakpo (70'), 4:2 Castellanos (75'), 5:2 Disasi (83', Selbstgol)

Liverpool huet sech doheem ouni Problemer géint West Ham duerchgesat. D’Heemekipp konnt vun Ufank un dominéieren a louch an der Paus schonns 3:0 vir. An der 2. Hallschent sinn dunn op béide Säiten nach 2 Goler gefall. Liverpool erhéicht den Drock op ManU a bleift un de Red Devils an der Lutte ëm d’Champions-League-Plazen drun.

Newcastle - Everton 2:3
0:1 Branthwaite (19'), 1:1 Ramsey (33'), 1:2 Beto (34'), 2:2 Murphy (82'), 2:3 Barry (83')

Newcastle huet doheem eng batter Néierlag missen astiechen. D’Gäscht sinn a Féierung gaangen, d’Heemekipp konnt awer nach virun der Paus ausgläichen. Everton konnt awer direkt reagéieren an nees 2:1 a Féierung goen. An der 2. Hallschent ass et eng Partie op Aenhéicht bliwwen an 8 Minutte viru Schluss ass Newcastle den Ausgläich gelongen. Genee wéi an der 1. Hallschent huet et awer just knapp eng Minutt gedauert, éier Everton den 3:2 markéiert huet. Et sollt de leschte Gol an enger animéierter Partie sinn.

Leeds - Manchester City 0:1
0:1 Semenyo (45+2')

ManCity ass zu Leeds ee Gol duerch de Semenyo duergaange, fir d’Partie ze gewannen. Et war e wichtege Succès, de Virsprong op Arsenal un der Spëtzt vun der Tabell konnt domadder op 2 Punkte verkierzt ginn.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Verona - Neapel 1:2
0:1 Höjlund (2'), 1:1 Akpa (64'), 1:2 Lukaku (90+6')

Neapel huet sech duerch e spéide Gol 3 Punkten zu Verona geséchert. Fir d’Ekipp aus Süditalien hat et gutt ugefaangen, no 2 Minutte goung ee mat 1:0 a Féierung. D’Heemekipp huet gutt dogéint gehalen an huet an der 64. Minutt ausgeglach. D’Gäscht hu bis zum Schluss un den Erfolleg gegleeft a konnt nach eemol markéieren. An der Tabell bleift Neapel op der 3. Plaz.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Monaco - Angers (19 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Barcelona - Villareal 4:1
1:0 Yamal (28'), 2:0 Yamal (37'), 2:1 Gueye (49'), 3:1 Yamal (69'), 4:1 Lewandowski (90+1')

Barcelona ass doheem eng souverän Victoire géint Villareal gelongen. Mann vum Match war de Lamine Yamal, deen dräimol markéiere konnt. De Gueye hat kuerz no der Paus den 1:2-Uschlossgol fir d’Gäscht markéiert. De Lewandowski huet an der Nospillzäit alles kloer gemaach. Barcelona huet un der Tabellespëtzt eng knapp Avance vun engem Punkt op Real Madrid.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO