Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaurent Jans a Beveren op beschtem Wee Richtung Opstig

RTL Lëtzebuerg
Dem Mathias Olesen ass mam Grazer AK eng Iwwerraschung géint RB Salzburg gelongen. De Sébastien Thill huet mat Rzeszow gewonnen.
© Roland Miny / pressphoto

Dem Grazer AK ass an der éisträichescher Bundesliga eng Iwwerraschung gelongen. Géint den Tabelleleader RB Salzburg huet déi nei Ekipp vum Mathias Olesen en 1:1 erausgeholl. An der Tabell bleift Graz awer Virleschten. Den Olesen huet 90 Minutten duerchgespillt a konnt och eng Rei Akzenter setzen.

Dat selwecht Resultat gouf et fir de Luc Holtz an de Vincent Thill mat Waldhof Mannheim an der drëtter däitscher Liga. Mannheim musst zu Cottbus fréi engem 0:1 hannendru lafen a konnt no enger Stonn ausgläichen. Den Thill hat ugefaangen, koum no der Paus awer net méi op den Terrain. D’Ekipp aus Kurpfalz steet am gesécherte Mëttelfeld vun der Tabell.

Am direkten Duell mat Polonia Bytom huet sech Stal Rzeszow 3:1 behaapt an ass domat an der Tabell laanscht de Géigner vum 21. Spilldag gezunn. D’Ekipp vum Sébastien Thill steet elo op der 4. Plaz, déi fir d’Playoffs an d’Ekstraklasa berechtege géif. De Lëtzebuerger huet seng Ekipp als Kapitän op den Terrain geféiert a gouf an der 75. Minutt ausgewiesselt.

Beveren bleift op der Missioun Opstig. Néng Matcher viru Schluss huet d’Ekipp vum Nationalspiller Laurent Jans zwielef Punkte Virsprong op Kortrijk a souguer 19 Punkten op déi éischt Relegatiounsplaz. Deemno kann een de Schampes geschwë kal stellen, fir en no den nächsten dräi Matcher ze käppen. Ausserdeem huet Beveren nach e Match nozehuelen. Um 25. Spilldag gouf et op alle Fall eng 2:0-Victoire bei Francs Borains, dem ale Veräi vum Florian Bohnert. De Jans huet 90 Minutten duerchgespillt.

Samschdeg

An der zweeter Bundesliga huet Greuther Fürth eng weider Néierlag kasséiert a bleift um Wupp vun der Tabell. Am Auswäertsmatch zu Kaiserslautern stoung et no 90 Minutten 0:1 aus der Siicht vum Aiman Dardari sengem neie Veräin. De Lëtzebuerger gouf an der 70. Minutt agewiesselt, wéi et schonn 0:1 stoung.
D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

Eng Etage méi wäit uewen, an der Bundesliga, koum St. Pauli am Auswäertsmatch zu Leverkusen mat 0:4 ënnert d’Rieder. D’Werkself huet kuerze Prozess mat der Ekipp vum Danel Sinani gemaach, deen de Match duerchgespillt huet, dës Kéier awer keng Akzenter fir seng Ekipp setze konnt. St. Pauli bleift domat 17. an der Tabell.

Al Khaleej, de Veräi vum Anthony Moris, kann net méi gewannen. Et war de fënnefte Match hannerteneen, wou d’Ekipp aus der saudi-arabescher Liga keng dräi Zieler geraf huet. Um 22. Spilldag ass en 1:1 géint Al Riyadh erausgesprongen. Domat verléiere si ëmmer weider den Uschloss un d’Topp 6. De Moris stoung 90 Minutten um Terrain.

An der hollännescher Eredivisie hätt et eigentlech zu engem Duell tëscht zwee Lëtzebuerger solle kommen, mee den Yvandro Borges ass wéinst Krankheet ausgefall. Den Enes Mahmutovic duerft sech um Enn mat Breda iwwer dräi Punkte freeën. Si hunn den Auswäertsmatch bei Heracles Almelo 1:0 gewonnen. Den decisive Gol ass an der 80. Minutt no engem Eelefmeter gefall. De Mahmutovic gouf kuerz viru Schluss agewiesselt. Et war och en Duell tëscht dem Virleschten an dem Leschten an der Tabell. Mat der Victoire spréngt Breda op d’Relegatiounsplaz an Almelo ass neie Leschten.

Den FC Venedeg behält seng Tabelleféierung an der zweeter italieenescher Liga an huet weider gutt Chancen, an d’Serie A opzesteigen. De Seid Korac koum bei der 4:0-Victoire géint den AC Cesena net an den Asaz.

Freideg

An der portugisescher Liga huet sech Benfica Lissabon mat 2:1 géint Santa Clara behaapt. Benfica huet de ganze Match iwwer kloer den Toun uginn, war virum Gol awer ze oneffizient. Dofir blouf de Match bis zum Schluss spannend. De Leandro Barreiro stoung an der Startformatioun an huet duerchgespillt. No enger gudder hallwer Stonn war de Lëtzebuerger Nationalspiller am Strofraum gefall a wollt en Eelefmeter, den Arbitter huet dësen awer verweigert. Benfica bleift an der Tabell op der drëtter Plaz an huet an dëser Saison nach kee Match verluer.

D’Resultater aus der Liga Portugal.

Back to Top
CIM LOGO