Nodeems déi Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp am Juni d’lescht Joer an d’Liga B vun der Nations League opgestige war, start fir d’Ekipp vum Dan Santos den 3. Mäerz eng nei Campagne. Um Spill steet d’Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft 2027 a Brasilien, déi a Form vun der Nations League gespillt gëtt. Am Grupp B4 heeschen d’Géigner Schottland, Israel an d’Belsch.
Fir den Optakt kréien et d’Rout Léiwinnen den 3. Mäerz ëm 19.30 Auer heiheem um Escher Gaalgebierg mat de Schottinnen ze dinn, déi aus der Liga A vun der Nations League ofgestige waren. Doduerch datt Israel hir Matcher op neutralem Buedem spillt, gouf de Spillplang esou ugepasst, datt all Natioun bei all internationalem Rassemblement, zweemol géint déi nämmlecht Ekipp spillt. Deemno spillen d’FLF-Dammen hir Retourpartie de 7. Mäerz ëm 18 Auer eiser Zäit am Hampden Park zu Glasgow a Schottland. D’Ekipp vun der Insel gehéiert zesumme mat de Belsch dem Nationaltrainer no zu de Favoritten an dësem Grupp. Israel gesäit den Dan Santos um nämmlechte Niveau wéi Lëtzebuerg.
Dan Santos: “D’Schottinne spillen an engem 3-5-2-System, sou hunn si elo déi lescht véier Matcher gespillt. Si hunn immens athletesch Spillerinnen, déi zu Liverpool oder bei Real Madrid spillen an, an, ... Si hunn wierklech e ganz gudden Niveau an e ganz staarkt Mëttelfeld. Mir wëssen, dass et do ganz, ganz schwéier gëtt, mee et gëtt e ganz interessante Match. Ech vergläiche si e bësse mat Schweden deemools hei. Schweden war nach e Krack driwwer awer anescht.”
E Freideg de Moien huet den Nationaltrainer Dan Santos säi Kader annoncéiert. Grouss Iwwerraschunge goufen et keng. Ënner anerem sinn d’Leila Schmit an d’Joana Lourenco aus schoulesche respektiv beruffleche Grënn net mat dobäi. Fir de Rescht huet den FLF-Coach säi komplette Kader zesummen.
Dan Santos: “D’Joana Lourenco ass an der IB um Bierg fir Elittesportlerin ze ginn. Dat heescht, hatt däerf net erofkommen déi éischt dréi Méint an dann ass hatt awer am Abrëll dann rëm dobäi ass. Do si mer och frou doriwwer. D’Leila Schmit ass op der Première am Moment a konzentréiert sech voll op d’Schoul, well et e wichtegt Joer fir hatt ass. Hatt kann déi zwee Saachen net esou gutt kombinéieren, well et da vill fort vun der Schoul ass a feelt. Ech verstinn dat komplett.”
Fir déi Lëtzebuerger Damme-Futtballnationalekipp ass et déi éischt Participatioun an der Liga B vun der Nations League. De Maintien ass fir Miller, Thompson a Co. dat grousst Zil.
Dan Santos: “Mir wëssen, dass et fir d’WM a Brasilien schwéier gëtt, fir dohinner ze goen. Mee mir spillen awer all Match fir Punkten ze huelen, och géint Schottland. D’Zil ass natierlech Drëtten ze ginn, ouni Garantie ze hunn, dass mer dra bleiwen, well déi bescht Drëtt bleiwen an der Liga B dran. Mir wäerten awer alles dofir maachen an dofir si mer elo wierklech frou kënnen unzefänken, well et war elo eng laang Paus.”
Lass geet et fir d’Rout Léiwinne wéi gesot den 3. Mäerz ëm 19.30 Auer um Escher Gaalgebierg géint Schottland.