
Op internationalem Terrain waren e Sonndeg och eng sëlleg interessant Matcher. Ënnert anerem huet sech Liverpool a leschter Sekonn géint Nottingham duerchgesat. Den Iwwerbléck fannt dir hei.
An der Challenger Pro League an der Belsch huet de Laurent Jans mat Beveren trotz engem 0:1 Réckstand 4:1 auswäerts géint Patro Eisden gewonnen. De Kapitän vun der Nationalekipp krut an der 34. Minutt eng Giel Kaart. No 80 Minutte beim Spillstand vun 3:1 fir Beveren gouf de Laurent Jans ausgewiesselt. No dëser Victoire steet fest, dass Beveren net méi vun deenen éischten 2 Plaze ka rutschen a steet domat als éischten Opsteiger an d’Jupiler Pro League fest. D’Ekipp vum Trainer Marink Reedink ass säit 24 Matcher ongeschloen. 8 Spilldeeg viru Schluss feiert een domat den Opstig an déi 1. Liga. An der Saison 20/21 war een deemools ënnert dem Numm Waasland-Beveren ofgestigen.
An der däitscher Bundesliga huet den Danel Sinani mat St. Pauli wichteg dräi Punkte géint Bremen gefeiert. Dobäi stoung de Lëtzebuerger Nationalspiller 90 Minutten um Terrain an huet de wichtegen 1:0 fir seng Faarwe virbereet. Pauli huet Bremen an der Tabell elo iwwerholl a steet op der 16. an domat Relegatiounsplaz. Den Detail vum Match fannt dir hei.
An der hollännescher Eredivisie huet d’Ekipp vum Borges Sanches mat 0:4 géint Go Ahead Eagles verluer. De Lëtzebuerger war krankheetsbedéngt net am Kader vu Heracles Almelo
A Polen huet Stal Rzeszow fir de Konto vum 22. Spilldag auswäerts iwwerraschend däitlech mat 1:4 géint Puszcza verluer. De Sébastien Thill stoung bei Rzeszow 90 Minutten um Terrain. An der Tabell steet de Lëtzebuerger mat senger Ekipp aktuell op der sechster Plaz, 13 Punkten hannert dem Leader Wista Krakau.
E Samschdeg de Mëtteg huet d’Laura Miller an der Damme-Bundesliga mam 1. FC Nürnberg däitlech mat 5:1 géint den FC Carl-Zeiss Jena gewonnen. D’Lëtzebuergerin konnt dobäi de Gol fir den tëschenzäitlechen 2:0 virbereeden. An der 69. Minutt ass si da beim Stand vu 4:0 ausgewiesselt ginn. An der Tabell distanzéiert sech Nürnberg duerch dëse Succès nees op elo aacht Punkten op eng Ofstigsplaz.
Fir de Grazer AK an de Mathias Olesen gouf et eng 0:1-Defaite beim TSV Hartberg. De Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller stoung dobäi de ganze Matcher iwwer um Terrain. An der Tabell steet ee weider op der zweetleschter Plaz, sou datt et héchstwarscheinlech an d’Ofstig-Playoffs goe wäert.
An der italieenescher Serie B huet den FC Venedeg sech mat 3:2 géint Pescara duerchgesat a bleift domat weider Tabelleleader. De Seid Korac huet d’Victoire vu senger Ekipp vun der Bänk aus gesinn.
Benfica huet seng Aufgab erfëllt an um 23. Spilldag vun der Liga Portugal mat 3:0 géint AVS gewonnen. De Leandro Barreiro krut nom Optrëtt géint Real Madrid an der Champions League op dësem Dag eng Auszäit. Hie souz de ganze Match op der Bänk.