Futtball-WM: Bilan vum 1. SpilldagKapverdianesch Party, Rekord-Messi an eng ganz Rei Remisen

Jeff Birsens
Nom 1. Spilldag vun der Futtball-WM ginn et elo scho genuch Erfollegsgeschichten ze erzielen. Fir Schlagzeilen hu virun allem och déi méi kleng Natioune gesuergt.
Cape Verde's goalkeeper #01 Vozinha celebrates with his national flag at the end of the 2026 World Cup Group H football match between Spain and Cape Verde at the Atlanta Stadium in Atlanta on June 15, 2026.
De Golkipp Vozinha vum Cap Vert war de Spiller vum Match beim 0:0 géint Spuenien.
© AFP

Déi éischt 24 Matcher vun der Futtball-WM 2026 si gespillt an domat ass den 1. Spilldag eriwwer. E gudden Zäitpunkt, bei deene villen Dueller vun der gréisster WM jeemools en éischten Tëschebilan ze zéien.

Fir déi dräi Lokalekippe vun dëser WM ass den Turnéier am grousse Ganze gutt gestart. Souwuel Mexiko wéi och d'USA hunn hir Optaktmatcher virun eegener Kuliss iwwerzeegend gewonnen a kënne mat Recht op eng Plaz an der K.o.-Phas hoffen. Fir Kanada gouf et op d'mannst kee Feelstart an ee Punkt géint en onangeneeme Géigner aus Bosnien-Herzegowina.

Mexico's forward #16 Julian Quinones celebrates scoring his team's first goal during the 2026 World Cup Group A football match between Mexico and South Africa at the Mexico City Stadium in Mexico City on June 11, 2026. (Photo by Rodrigo OROPEZA / AFP)
© AFP

E richtegen Exploit gouf et da fir de Cap Vert mat engem sensationellen 0:0 géint den Toppfavorit Spuenien. Duerch eng elo scho legendär Leeschtung vum 40 Joer ale Golkipp Vozinha an eng immens staark Defensivaarbecht krut de klengen Inselstaat vum Atlantik de Remis iwwer d'Zäit bruecht. Och zu Lëtzebuerg huet déi kapverdianesch Communautéit ënner anerem beim Public Viewing zu Ettelbréck eng grouss Party gefeiert.

Kanada an de Cap Vert waren awer net déi eenzeg, déi mat engem Remis an den Turnéier gestart sinn. Ganzer néng Mol gouf et um 1. Spilldag kee Gewënner, wat, natierlech och wéinst der Erweiderung op 48 Ekippen, en neie Rekord ass. Véier Gläichspiller gouf et dobäi op engem eenzegen Dag, déi éischt Kéier zanter der WM 1958.

Keen anere wéi de Lionel Messi huet dann och nees dofir gesuergt, datt ee schonn nom 1. Spilldag vu perséinleche Rekorder schwätze kann. Mat just engem Match konnt hie bei der 3:0-Victoire géint Algerien direkt sechs nei Rekorder respektiv perséinlech Beschtleeschtungen opstellen:

A sengem 200. Lännermatch, deen éischten Argentinier, deem dat gelongen ass (1), war hien zäitgläich deen éischte Spiller, dee bei sechs verschiddene Weltmeeschterschafte gespillt huet (2) an domat huet hien och seng Féierung als Spiller mat de meeschte WM-Matcher op elo 27 Partien ausgebaut (3). Duerch seng dräi Goler am Match ass hien da mam Top-Buteur Miroslav Klose mat 16 Goler gläich gezunn (4) a gouf mat sengem éischten eegene WM-Hattrick (5) direkt och den eelste Spiller, deem dat bei dësem Turnéier gelongen ass (6). Et kann ee sech als Futtballfan also nëmmen drop freeën, wat de Mann, deen an e puer Deeg 39 Joer al gëtt, fir déi nächst Matcher nach ze bidden huet.

Argentina's forward #10 Lionel Messi celebrates scoring his team's first goal during the 2026 World Cup Group J football match between Argentina and Algeria at the Kansas City Stadium in Kansas City on June 16, 2026.
© AFP

De Cristiano Ronaldo dogéint, deen een Dag méi spéit och a seng sechst WM gestart ass, hat awer kee sou ee gëllenen Optakt erwëscht. Géint den Aussesäiter DR Kongo, dem säin éischte Gol iwwerhaapt bei enger WM gelongen ass, ass Portugal mat enger enttäuschender Leeschtung net iwwert en 1:1 erauskomm. Eng WM-Première an dowéinst e Grond ze feiere gouf et dann nieft der DR Kongo fir dräi aner Natiounen. Souwuel Curaçao, Jordanien an och Usbekistan hu gewisen, datt gewannen am Futtball net alles ass. Si hunn nämlech jeeweils den éischte Gol bei enger WM jeemools fir hiert Land geschoss an domat hir Spectateuren trotz hirer Néierlag jubele gelooss.

Nieft deene puer Iwwerraschunge konnte souwuel Däitschland, Frankräich an och England hirer Favoritteroll gerecht ginn an déi éischt dräi Punkte sammelen.

Weider geet et mam 2. Spilldag schonn en Donneschdeg den Owend ëm 18:00 Auer mat der Partie Tschechien géint Südafrika. Hei fannt Dir de ganze WM-Dossier.

Back to Top
CIM LOGO