Futtball-Championnat: BGL LigueKäerjeng mat wichtege Punkten am Ofstigskampf

RTL Lëtzebuerg
Biissen verléiert op en Neits, wärend Stroossen an Diddeleng hir Matcher gewannen.

Um 20. Spilldag huet d’UN Käerjeng de Kellerduell géint d’Union Titus Péiteng mat 2:1 fir sech entscheet. Mat zwee séiere Goler hu sech d’Käerjenger fréi op d’Gewënnerstrooss bruecht an haten de Match duerno am Grëff. Bei der Heemekipp huet an der éischter Hallschent bis op zwee Distanzschëss net vill geklappt. Dat huet dem Péitenger Trainer net gefall an huet mat dräi Wiesselen no der Paus reagéiert. Duerno war méi Zoch am Spill vun der UTP a se gouf mam Uschloss an der 61. Minutt belount.

Kuckt hei de komplette Match nach emol am Replay
Um 20. Spilldag huet d’UN Käerjeng de Kellerduell géint d’Union Titus Péiteng mat 2:1 fir sech entscheet.

Bis an d’Nospillzäit ass net méi vill geschitt. Do hat de Barrela fir Péiteng nach d’Méiglechkeet op den Ausgläich, mee de Kappball goung laanscht de Gol. Käerjeng spréngt mat dëser Victoire op eng Netofstigsplaz, wärend Péiteng op der leschter Tabelleplaz bleift an déi lescht véier Matcher verluer huet.

Resumé vum Derby Péiteng géint Käerjeng

Den Tabelleleader Déifferdeng huet sech mat 3:2 géint Hueschtert behaapt a behält seng Avance an der Tabell. An engem interessante Match hunn d’Spectateure vill Golchancë gesinn. No der Déifferdenger Féierung huet Hueschtert no der Paus ausgeglach, éier den FCD03 nees noleeë konnt. Den 3:1 an der 81. Minutt war d’Virentscheedung, well Hueschtert an der Nospillzäit just nach den Uschlossgol gelongen ass. Et war och den éischten Optrëtt vum Yannick Kakoko als neien Déifferdenger Trainer no der iwwerraschender Entloossung vum Pedro Silva ënnert der Woch.

Den Trainerwiessel virun e puer Woche beim FC Rodange huet nach net déi erwënscht Friichte gedroen. Och am Match géint den F91 Diddeleng (1:2) hunn déi Schwaarz-Rout näischt Zielbares matgeholl an hunn ee Punkt méi um Kont wéi den Tabelleleschte Péiteng. Atert Biissen huet et an de Schlussminutte verpasst, den Ausgläich zu Rouspert ze markéieren. An der 88. Minutt huet de Santos Guimares en Eelefmeter verschoss. Domat blouf et beim 1:0 fir d’Victoria.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

FC Déifferdeng 03 - US Hueschtert 3:2
1:0 Hadji (27'), 1:1 Ahmeti (73'), 2:1 Mfoumou (78'), 3:1 Abreu (81'), 3:2 Dieme (90'+6)

Victoria Rouspert - Atert Biissen 1:0
1:0 Kyereh (28')

Union Titus Péiteng - UN Käerjeng 1:2
0:1 Bellali (3'), 0:2 Dieye (11'), 1:2 Martins (61')

UNA Stroossen - Progrès Nidderkuer 2:0
1:0 Da Cruz (52'), 2:0 Zenadji (89')

FC Rodange 91 - F91 Diddeleng 1:2
0:1 Azevedo Magalhaes (24'), 1:1 Schur (49'), 1:2 Lima (72')

Swift Hesper - FC Mamer 32 0:1
0:1 Jager (83')

Jeunesse Esch - Jeunesse Kanech 0:1
0:1 Gomes (68')

US Munneref - Racing Lëtzebuerg 1:3
0:1 Kanté (13'), 0:2 Ikene (28'), 1:2 Tinelli (72'), 1:3 Stolz (90'+3)


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO