Spillt op der WM fir NeiséilandInfluencer mécht den Tim Payne zum Social-Media-Star

RTL mat AFP
Den neiséilännesche Nationalspiller Tim Payne huet bannent enger Woch iwwer 4 Milliounen Instagram-Follower bäikritt, nodeems en Influencer hien als "mannst bekannte Spiller op der WM" identifizéiert an d'Fans opgeruff hat, seng Posts ze pushen.
Tim Payne has gone from 4,000 to 4,000,000 followers in a week
Tim Payne has gone from 4,000 to 4,000,000 followers in a week
© AFP/File

De rietse Verdeedeger, dee fir Wellington Phoenix an der neiséilännescher A-League spillt, ass mat der Hëllef vun engem argentineschen Influencer zu deem Futtballer aus Neiséiland ginn, deen op Instagram déi meeschte Follower huet. Leschte Mëttwoch waren nach gutt 4.000 Leit um Tim Payne sengem Account abonéiert.

Den Influencer Valen Scarsini, online als elscarso bekannt, hat eng Campagne lancéiert, fir deem Spiller op der WM, deen am mannste bekannt ass, ze hëllefen, méi Opmierksamkeet ze kréien. "Ech hunn all d'Ekippe gekuckt, déi op der WM dobäi sinn, fir dee mannst bekannte Spiller ze fannen. Nodeems ech se een nom anere analyséiert hat, hat ech en", sot de Scarsini. Dobäi ass hien am Grupp G op den Defenseur Tim Payne vun Neiséiland getraff. "Hien ass wierklech dee mannst bekannten. Hie kënnt net emol op 5.000 Follower", esou de Scarsini.

Den Influencer hat d'Leit opgeruff, seng Bäiträg mat Likes a Commentairen ze iwwerschëdden, fir aus him e bekannte Numm ze maachen. Zwee Deeg drop hat de Payne schonn iwwer eng Millioun Follower op Instagram. Dat huet hien esouguer dozou bruecht, sech mat engem seelene Post aus dem Virbereedungscamp a Florida ze mellen. An deem Video huet hien ufanks op Spuenesch "Merci" gesot.

"Entschëllegt wgl. mäi Spuenescht, ech si nach um Übe mat Duolingo", sot hien e Freideg eben op Spuenesch, éier hien op Englesch weidergeschwat huet. "Ech wëll als Éischt dir, Valen, villmools Merci soen. Déi lescht 48 Stonne ware zimmlech verréckt. Ech wëll och soen, datt ech immens dankbar sinn, mäi Land op dëser WM dierfen ze vertrieden, an ech schätzen all d'Léift aus der ganzer Welt. Muchas gracias."

Antëscht huet de Payne esouguer bäi wäitem méi Follower wéi d'All Whites aus Neiséiland, déi nach net emol op 45.000 kommen, an och méi wéi säin Kapitän vun der Nationalekipp Chris Wood, deen an der Offensiv fir Nottingham Forest spillt an deen 162.000 Follower huet. Well dësen Dënschdeg, also bal eng Woch, nodeem d'Campagne lancéiert gouf, kënnt den Instagram Account vum Tim Payne op 4,3 Millioune Follower.

Neiséiland trëfft a senger WM-Grupp op den Iran, Ägypten an d'Belsch. D'Equipe versicht am drëtte Versuch, hiren éischte Match op enger WM ze gewannen.

Back to Top
CIM LOGO