An Däitschland gouf um Sonndeg den Owend dann och nach d’Halleffinall am DFB Pokal ausgeloust. Hei kritt et Bayer Leverkusen mam däitsche Meeschter Bayern München ze dinn. An der zweeter Halleffinall spillt Stuttgart doheem géint Freiburg. D’Matcher sinn fir den 21. an 22 Abrëll programméiert.
Um Sonndeg waren och e puer Lëtzebuerger Futtballer am Asaz. Den Iwwerbléck fannt dir hei.
SC Freiburg - Borussia Mönchengladbach 2:1
1:0 Ginter (38'), 2:0 Matanovic (74'), 2:1 Tabakovic (85')
Freiburg klappt Gladbach mat 2:1 a séchert sech domat wichteg 3 Punkten am Kampf ëm déi europäesch Plazen. Gladbach dogéint huet säit 7 Matcher net méi gewonnen a rutscht a der Tabell weider no ënnen. A kengem héichklassegem Match hat Freiburg méi Spillundeeler an huet et nom 2:0 vum Matanovic an der Suite vum Match verpasst fir d’Virentscheedung ze suergen. Gladbach ass sou duerch den Tabakovic nach eng Kéier eru komm, zu engem Gläichspill sollt et awer net méi duergoen.
FC St. Pauli - Werder Bremen 2:1
1:0 Wahl (55'), 1:1 Milosevic (62'), 2:1 Fujita (70')
St. Pauli gewënnt eng immens wichteg Partie an der Lutte ëm den Ofstig mat 2:1 géint Bremen. Net nëmmen, dass Pauli déi 3 Punkten zu Hamburg behält, mee et huet ee mat dëser Victoire Bremen an der Tabell iwwerholl a steet elo mat 20 Punkten op der Relegatiounsplaz 16. Bremen huet ee Punkt manner an ass elo 17. Bei de Kiezkicker stoung den Danel Sinani 90 Minutten um Terrain an huet mat enger schéiner Flank de Gol vum Wahl an der 55. Minutt virbereet.
FC Heidenheim - VFB Stuttgart 3:3
0:1 Führich (5'), 1:1 Dinkci (20'), 2:1 Ibrahimovic (34'), 2:2 Mittelstädt (45'), 3:2 Conteh (82'), 3:3 Undav (88')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
Nottingham Forest - FC Liverpool 0:1
0:1 Mac Allister (90+7')
Nottingahm, op der 17. Plaz an der Tabell, huet Liverpool iwwer 90 Minutte méi wéi nëmme Paroli gebueden, war deelweis souguer déi besser Ekipp an hätt mat Sécherheet zumindest ee Punkt verdéngt gehat. Eenzeg virum Gol war d’Lokalekipp net effizient genuch, a konnt aus deene sëllege gudde Chancë kee Profit eraus zéien. An der 7. Minutt vun der Nospillzäit huet de Mac Allister dach nach de Gol vum Dag konnte markéieren. Glécklech 3 Punkte fir d’Ekipp vum Arne Slot. Liverpool huet elo 45 Punkten um Konto a steet op der 6. Plaz an der Tabell iwwerdeems Nottingham weider am Keller vun der Tabell bleift.
Crystal Palace - Wolverhampton Wanderers 1:0
1:0 Guessand (90'+1)
Tottenham Hotspur - FC Arsenal 1:4
0:1 Eze (32'), 1:1 Kolo Muani (34'), 1:2 Gyökeres (47'), 1:3 Eze (61'), 1:4 Gyökeres (90+4')
Arsenal huet den Nordlondon-Derby géint Tottenham kloer mat 4:1 fir sech entscheet. Dobäi stoungen den Eze an de Gyökeres mat jeeweils 2 markéierte Goler am Mëttelpunkt. Domat ass och den Effekt vum Trainerwiessel bei de Spurs verpufft. Nom Rausworf vum Igor Tudor war et dem Thomas Frank säin éischte Match un der Säitelinn vun Tottenham. Arsenal steet aktuell mat 5 Punkte viru Manchester City un der Spëtzt vun der Tabell, d’Ekipp vum Pep Guardiola huet allerdéngs ee Match manner gespillt.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Atalanta Bergamo - SSC Neapel 2:1
0:1 Beukema (18'), 1:1 Pasalic (61'), 2:1 Samardzic (81')
AC Mailand - Parma Calcio 0:1
0:1 Troilo (80')
Den AC Mailand verléiert iwwerraschend mat 0:1 géint Parma Calcio. No 23 ongeschloenen Matcher geet Milan domat mol nees eng Kéier als Verléierer vum Terrain. De Gol vum Dag huet de Mariano Troilo an der 80. Minutt markéiert.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
AJ Auxerre - Stade Rennes 0:3
0:1 Camara (20'), 0:2 Lepaul (22'), 0:3 Camara (45')
SCO Angers - OSC Lille 0:1
0:1 Giroud (45+2')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
FC Barcelona - UD Levante 3:0
1:0 Bernal (4'), 2:0 de Jong (32'), 3:0 Fermin (81')
Nodeems Real Madrid e Samschdeg mat 1:2 géint Osasuna verluer huet, huet Barcelona seng Chance e Sonndeg genotzt a steet no der 3:0-Victoire géint Levante nees op der 1. Plaz an der Tabell. D’Katalanen hunn elo 1 Punkt Virsprong op déi Kinneklech. Atletico Madrid steet mat 13 Punkte Réckstand op Barcelona op der drëtter Plaz. Barcelona huet Levante zu kengem Zäitpunkt an de Match komme gelooss a gewënnt deemno ouni gréisser Problemer mat 3:0.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga