Am nationale Futtball-Championnat gouf de kompletten 22.Spilldag an der BGL Ligue e Sonndeg gespillt. Dobäi stoungen sech déi éischt 4 an der Tabell an direkten Dueller géigeniwwer.
Stroossen krut et mat Biissen ze dinn an den Tabelleleader vun Déifferdeng war zu Diddeleng op Besuch.
De Spectateuren op deene verschiddenen Terraine gouf an deenen 8 Matcher dann och nawell munches gebueden. Net manner wéi 31 Goler sinn an deenen 8 Matcher gefall, woubäi de Match Diddeleng géint Déifferdeng mat engem 0:0-Gläich op en Enn gaangen ass, sou dass Déifferdeng an der Tabell elo 4 Punkte viru Munneref a 6 virun Diddeleng leit.
Am Stade an de Millewisen gouf et um Enn e 3:3-Gläich tëscht Stroossen a Biissen. Virun allem an der 1. Hallschent hat Stroossen kaum Chancen, konnt per Elefmeter de Match virun der Paus awer nees ausgläichen. Nom Säitewiessel stoung dunn den Tim Hall am Fokus. Fir éischt schéisst hien d’Una an der 48. Minutt a Féierung, éier hien na der 65. Minutt de Ball an denen eegenen Gol ooffälscht. De Match ass zu desem Zäitpunkt hin an hier gaangen, an krut duerch déi Giel-Rout Kaart vum Rastoder an der 54. Minutt zousätzlech Brisanz. Stroossen ass an der 71. Minutt duerch de Pimentel wuel nees a Féierung gaangen, Biissen huet et awer direkt zwee mol gepackt an Ennerzuel de Match auszegläichen, sou dass dese Match um Enn 3:3-Gläich ausgoe sollt.

Hueschtert huet no 0:1 Réckstand duerch 3 Goler vum Dieme an der zweeter Hallschent de Match gedréint a ka sech um Enn mat 3:2 géint d’Jeunesse duerchsetzen. Wichteg 3 Punkten am Kampf géint den Ofstig deemno fir d’Ekipp aus dem Gréngewald.
Am Tabellekeller gouf et eng wichteg Victoire fir Mamer zu Péiteng. Am direkten Duell ka sech Mamer duerch e Gol an der 90. Minutt duerch den Teles Santos mat 2:1 zu Péiteng behaapten.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Jeunesse Esch – US Hueschtert 2:3
1:0 Jonathans (38'), 1:1 Dieme (61'), 1:2 Dieme (69'), 1:3 Dieme (72'), 2:3 Elshan (88')
F91 Diddeleng – FC Déifferdeng 0:0
US Munneref – Jeunesse Kanech 3:1
1:0 Stoltz (26'), 2:0 Tinelli (48'), 2:1 Desevic (66'), 3:1 Kumbi (68')
FC Rodange - Swift Hesper 2:0
1:0 Mbombo (63'), 2:0 Amiri (88')
Victoria Rouspert – Racing Union 3:4
1:0 Villeneuve (23'), 1:1 Diakhite (35'), 1:2 Kante (39'), 2:2 Kyereh (41'), 2:3 Matuvangua (71'), 3:3 Marques (75'), 3:4 Qevani (90+2')
Union Titus Péiteng – FC Mamer 1:2
1:0 Lognard (30'), 1:1 Maurice (73'), 1:2 Teles Santos (90')
Una Stroossen – Atert Biissen 3:3
0:1 Ferber (8'), 1:1 Zenadji (39'), 2:1 Hall (48'), 2:2 Hall (65'), 3:2 Pimentel (71'), 3:3 Ferber (76')
Progrès Nidderkuer – UN Käerjeng 2:2
0:1 Dieye (3'), 1:1 Natami (41'), 1:2 Mabwati (85'), 2:2 Baradji (90')