BundesligaFreiburg a Leverkusen trenne sech 3:3, RB Leipzig klappt Augsburg spéit

RTL Lëtzebuerg
Mainz huet iwwerdeems spéit e Punkt géint Stuttgart gerett an Hamburg konnt sech zu Wolfsburg duerchsetzen.
Leipzig's Ivorian forward #49 Yan Diomande (C-R) scores the 1-1 goal during the Bundesliga football match between RB Leipzig and Augsburg in Leipzig, eastern Germany, on March 7, 2026. (Photo by Ronny HARTMANN / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
© AFP

An den anere europäesche Ligen goufen et ënner anerem Victoirë fir Juventus a Barcelona, wärend Chelsea am FA Cup huet mussen an d’Verlängerung.

Eng animéiert Partie tëscht Freiburg a Leverkusen ass 3:3 op en Enn gaangen. No enger roueger Ufanksphas huet de Grifo seng Faarwen a Féierung bruecht, d’Äntwert vum Kofane huet awer just 3 Minutten op sech waarde gelooss. Kuerz virun der Paus huet de Suzuki no engem schéin erausgespillten Ugrëff den 2:1 fir Freiburg geschoss, an der Nospillzäit huet de Grimaldo awer op en Neits per direktem Fräistouss ausgeglach. An der 52. Spillminutt huet den Terrier d’Leverkusener du fir déi éischte Kéier a Féierung geschoss, an déi sollt och e wéineg méi laang halen. Knapp 5 Minutte viru Schluss huet de Ginter awer per Kapp den 3:3 markéiert, woubäi et dann och bleiwe sollt.

Mainz huet sech beim 2:2 géint Stuttgart ganz staark presentéiert, virum Gol huet een awer dacks déi néideg Effizienz vermësse gelooss. De Lee huet 5 Minutte virum Säitewiessel de verdéngte Mainzer 1:0 geschoss, op deen de VfB laang keng Äntwert fonnt huet. Eng Véierelsstonn viru Schluss hunn d’Stuttgarter de Match awer du bannent 2 Minutten duerch den Demirovic an den Undav gedréint. An der Nospillzäit konnt den Da Costa awer per Kapp nach egaliséieren an esou ee verdéngte Punkt zu Mainz halen.

RB Leipzig huet sech géint Augsburg schwéier gedoen, um Enn konnt ee sech awer 2:1 duerchsetzen. Augsburg huet am éischten Duerchgang en Eelefmeter verschoss an ass duerch de Fellhauer dunn trotzdeem a Féierung gaangen, RB hat dogéint offensiv net vill Iddien. An der zweeter Hallschent hate béid Formatiounen eng ganz Partie Chancen, déi awer ongenotzt bliwwe sinn. An der 76. Spillminutt huet de jonken Diomande dunn no engem Konter den 1:1 fir RB geschoss, ier den Chaves de Match an der Nospillzäit per Selbstgol zugonschte vun der Lokalekipp entscheet huet.

Donieft huet den HSV sech an engem Match mat 3 verwandelten Eelefmeter 2:1 zu Wolfsburg behaapt, déi domat weider op enger Ofstigsplaz leien, an Hoffenheim huet 4:2 zu Heidenheim gewonnen.

Owes huet Dortmund sech nach 2:1 zu Köln duerchgesat. De Guirassy huet no enger gudder Véierelsstonn d’Féierung fir Schwaarz-Giel markéiert. Kuerz virum Säitewiessel ass de Kölner Simpson-Pusey vum Terrain gestallt ginn, a spéitstens mam 2:0 duerch de Beier an der 60. Minutt huet de Match entscheet geschéngt. Ma Köln huet sech net opginn a konnt kuerz viru Schluss an Ënnerzuel duerch de Kaminski verkierzen, soudass et um Enn nach eemol spannend ginn ass. De BVB huet d’Féierung awer iwwer d’Zäit bruecht a läit weiderhi mat 6 Punkte Virsprong op Plaz 2.

E Freideg den Owend haten d’Bayern sech scho souverän géint Borussia Mönchengladbach behaapt.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO