37. Nationale FuttballdagFir 307 Ekippe stoung an den Däichwisen den Ofschloss vun der Saison um Programm

Christophe Hochard
799 Matcher goufen e Sonndeg zu Ettelbréck ronderëm Däichhal gespillt. D'Bambinis iwwer d'Pupilles, bis bei d'Poussins an d'Minimes waren zu Ettelbréck vertrueden.
37. Journée nationale du football
Fir d'Jugendekippe war et e Sonndeg den traditionellen Ofschloss vun der Saison.

D'Futtballsaison ass eriwwer an traditionell goung et an d'Summerpaus mam nationale Futtballdag zu Ettelbréck an den Däichwisen. Ob Animatiounen, Aktivitéiten oder och Turnéieren fir déi Jonk - all Futtballfan, ob Kleng oder Grouss, koum hei op seng Käschten. Scho fir déi 37. Kéier gëtt dëst Evenement vun der FLF organiséiert.

De nationale Fussballdag huet eng laang Traditioun. A seng Heemecht sinn d'Däichwisen zu Ettelbréck. E ganzen Dag steet dat ronnt Lieder am Mëttelpunkt. An aller Herrgottsfréi goung et lass. Wéi gëschter Moien ëm 8 Auer eng éischte Kéier ugepaff gouf, hat deen een oder anere Spiller a Spillerin nach Blatz an den Aen.

Séier ass de Motor awer waarm gelaf a bei herrlechem Futtballwieder haten d'Ekippen, déi sech bei der FLF ugemellt haten, hire Spaass. 307 Ekippen waren mat dobäi. Obwuel et ginn ëmmer nees Veräiner, déi sech dann awer a leschter Sekonn ofmellen. Da muss säitens der Federatioun séier gehandelt ginn.

Sven Kerger - FLF: "Jo, dat ass ëmmer e bësse kritesch, wa mer kuerzfristeg eng Ofmeldung kréien, well mer dann, wann et och nach ee Grupp betrëfft, wou schonn net esou vill Ekippen dra sinn, wéinst der Gesamtzuel vun den Ekippen, da musse mer dann do nach e bëssen manuell dra verännere goen. An dat ass ëmmer e bëssen tricky."

D'Decisiounen an dëser Saison si gefall. Laang a vill Wochen, wou de Fussball a ville Stéit den Dagesoflaf matbestëmmt, ginn op en Enn. Mam nationale Fussballdag gëtt d'Enn vun esou enger Saison agelaut. Op dëse Moment, wou ee nach eemol kann mat senge Frënn a Frëndinnen um Terrain stoen, freet sech de Gros vun de Spiller. Dësen Dag, gemenkerhand ëmmer e Sonndeg, steet scho Méint am Viraus am Kalenner an ass aus dem FLF-Kalenner net méi ewech ze denken.

799 Matcher goufen haut zu Ettelbréck ronderëm Däichhal gespillt. Vun de Bambinis iwwer d'Pupilles, bis bei d'Poussins an d'Minimes. A ville Kategorië gouf sech gemooss. Eemol 10 Minutten hunn d'Matcher gedauert. Gewanne wëll natierlech jiddereen. Op dësem Dag geet et awer net em eng gëlle Kou. De Spaass steet am Vierdergrond.

Sven Kerger - FLF: "Natierlech rechne mer och Tabellen an herno gëtt et an all Kategorië Gewënner, well ech mengen d'Jongen an d'Meedercher, déi hunn och gär e bëssen déi Kompetitioun dran. Mee an éischter Linn ass et awer, datt de Spaass um Spill am Vierdergrond soll stoen."

Dëst ass d'Julie Michels, Trainerin bei de Minimes vun Harel/Ischpelt a si selwer spillt zanter 15 Joer Fussball. De Kanner d'Freed um Sport ze vermëttelen, ass der jonker Fra wichteg.

Julie Michels - Trainerin: "Ech fannen et ganz flott, well si mierkt een einfach wéi vill si léieren an där kuerzer Zäit an dee Fortschrëtt, dee si maachen, ass mega schéin nozekucken. Ech fannen einfach den Ekippegeescht an de Fussball mécht mir einfach allgemeng esou vill Spaass, dass ech net ophale kann domadder."

Passen, dribbelen, Goler schéissen. E ganzen Dag däerfe Fussball ze spillen, dat ass de Glanz. Op 16 verschiddenen Terraine gouf e Sonndeg Futtball zu Ettelbréck gespillt. Dat eleng geet awer net duer. Fir e gudde Rhythmus ze garantéieren, brauch et nämlech nach e bësse méi där Spillfelder.

Sven Kerger - FLF: "Dann hu mer nach sechs Bambinis-Terrainen, déi à part sinn, wat eis erlaabt och d'Bambinis an dräi Bléck oflafen ze loossen, datt och all d'Bambinis-Ekipp am Laf vun zwou Stonne fäerdeg ass an och esou mat Zäit erëm doheem ass."

Déi Jonk motivéieren, encouragéieren a munchmol och tréischten. Dëst gehéiert och zum Job vun engem Jugendtrainer. Ausserdeem si wärend der ganzer Saison bei Laun halen. Fir sou eng wichteg Aarbecht muss ee gemaach sinn.

Patrick Heuschling - U13-Trainer Etzella Ettelbréck: "Et mécht jo Spaass mat de Jongen ze schaffen, hinnen d'Passioun um Sport weiderzeginn an ze gesinn, wéi se se sech entwéckelen. Sou en Tournoi wéi dat hei ass wierklech flott, well d'Ekippen aus dem ganze Land zesumme kommen an et ass e gudden Ofschloss fir d'Saison."

Josua Machado - Minimes-Trainer CS Suessem: "Et ass eng Freed mat hinnen ze schaffen. A mat Kanner zemools, dat ass dat, wat mech am meeschte motivéiert, si frou ze gesinn. Okay, du kanns net all d'Matcher ëmmer gewannen. Mee dat ass jo och net de But vun der Saach. De But vun der Saach ass, dass d'Kanner léieren a Spaass drun hunn."

Déi gréng Käertercher si wichteg. Op deene stinn d'Schlussresultater vun de Matcher drop. An dës Kaarten mussen informatesch erfaasst ginn, fir spéider den Iwwerbléck iwwer Resultater a Klassementer ze behalen.

Sven Kerger: "Mir brauchen dann d'Resultater u sech nëmmen ze validéieren, respektiv ze kucken, ob do kee Feeler dran ass an dat erméiglecht eis schonn, datt d'Veräiner an d'Trainere scho vill méi schnell kënne kucken, okay si meng Resultater dran, wou si mer drun am Klassement, ass ee Feeler do, dat si bei eis kënne kommen an dann kënne soen ah do ass awer eppes schif gelaf, wat eis erméiglecht, vill méi effizient elo an deem Beräich ze sinn."

Da si mir an der Woch, wou d'Futtball-WM ugefaangen huet. D'Fro wie Weltmeeschter gëtt däerf net feelen an do ginn d'Meenungen auserneen. De nationale Fussballdag vun der FLF hat nees Succès zu Ettelbréck. Eng kleng Paus kënnt elo gutt.

Back to Top
CIM LOGO