
Zanter dem Optakt vun der Futtball-WM 2026 sinn d'Drénkpausen e feste Bestanddeel vun engem Match. D'Arbittere sinn zanterhier gebieden, d'Partie ëm déi 22. Minutt an ëm déi 67. Minutt fir jeeweils dräi Minutten ze ënnerbriechen, egal wéi d'Meteoskonditiounen dee Moment sinn. Scho virum Turnéier gouf et vun e puer Säite Kritik, datt d'FIFA dobäi net am Sënn vun de Spiller um Terrain handelt, ma domadder vill méi d'Kommerzialiséierung vum Futtball weider undreiwe wëll. Duerch dës zousätzlech Pausen ass et den Tëleeschaînen nämlech erlaabt, an d'Pub ze goen.
Theoretesch ginn et duerch dës nei Reegel-Ännerung elo net méi zwou Hallschenten, ma véier Véierel. Zwou Pause méi, wouduerch de Spillfloss och zwee Mol méi ënnerbrach ka ginn. Gespuert huet een dat och e Sonndeg am WM-Match tëscht Däitschland a Curaçao. Nodeems dem Underdog aus der Karibik an der 21. Minutt de sensationellen Ausgläich géint den Toppfavorit gelonge war, huet een den Däitschen ugemierkt, datt si kuerz an d'Ziddere komm sinn. Dëse Moment wollt Curaçao fir sech ausnotzen a wéi si zwou Minutten drop eng weider villverspriechend Attack ausgespillt hunn, huet den Arbitter de Match ënnerbrach: Fir eng Drénkpaus.
Eng Ënnerbriechung, déi wuel bei méi wéi 30 Grad verständlech gewiescht wier, ma bei knapp iwwer 20 Grad am Stadion zu Houston warscheinlech net onbedéngt noutwenneg war. Däitschland ass dës kuerz Ënnerbriechung natierlech entgéint komm. De Momentum vu Curaçao war ënnerbrach, no der Drénkpaus hate si nees d'Kontroll iwwert de Match zréck a konnten um Enn eng däitlech 7:1-Victoire feieren.
Datt dës Neiheet genee bei der Futtball-WM an den USA fir eng éischte Kéier agefouert gëtt, ass wuel och keen Zoufall. Schonn aus dem American Football beispillsweis ass een et zanter laangem gewinnt, ëmmer nees Pub ze schalten, wann de Match ënnerbrach gëtt. Och wann et de Spiller am Futtball warscheinlech entgéint kënnt, zweemol méi am Match kuerz kënnen duerchzeootmen, wäert an noer Zukunft wuel alles dorop rauslafen, datt dës Ënnerbriechungen och an Europa e feste Bestanddeel vun engem Futtballsmatch gi wäerten. Fir déi nächst Saison bleift et awer fir d'éischt mol nach weiderhi bei de gewinnten zwou Hallschenten.