Nations-League-PlayoffsFabio Domingos am Kader vun der FLF, oder awer net?

Tom Hoffmann
De Jeff Strasser huet de Fabio Domingos, deen an der U19 an U23 vu Paris Saint-Germain spillt, fir déi éischt Kéier nominéiert. Mee och de Cap Vert wëllt de jonke Spiller oplafe loossen.
© Symbolbild

Ob de Fabio Domingos awer wierklech am Kader fir de Match géint Malta steet, bleift aktuell onkloer. Déi kapverdianesch Federatioun huet de Spiller nämlech och selektionéiert. Domat stellt sech d’Fro, fir wéi ee Land sech de Fabio Domingos entscheede wäert an ob d’FLF nees en Nowuesstalent verléiert.

Spéitstens de 27. Mäerz kéinte mir méi wëssen, wann de Kap Vert an engem Frëndschaftsmatch géint Chile untrëtt.

Back to Top
CIM LOGO