Schottland, dat ass direkt zwee Mol de Géigner fir d’Dammen Nationalequipe an den nächsten Zwee Matcher. En Dënsten empfänkt een d’Gäscht zu Esch, dono gëtt da 4 Deeg drop a Schottland gespillt. Et wäert ee schwéiere Géigner gi fir an d’WM Qualifikatioun ze starten, déi des Kéier parallel zu der Nations League gespillt gëtt.
CUT Charlotte Schmit: “Ech géif soe mir hunn näischt ze verléiere géint Schottland. Mir sinn den Underdog an dësem Match. Wann mir awer kompakt stinn an eisem Bock an no vir eis Chancen notzen, kënne mir och géint esou eng Equippen eise Match maachen. Mir mussen eis op ee physesch an athletesch staarke Géigner preparéieren. Mir hunn awer och schonn Erfarung mat esou Ekippen, mir hu géint England oder Schwede gespillt, mir wëssen also wéi mir dëse Match uginn.”
D’Spill um Terrain ass dobäi genau esou wichteg wéi d’Analyse vun dem Géigner. Genau déi Punkte stinn an dësen Deeg dowéinst och am Training um Programm. Mat an der Grupp dobäi sinn awer net nëmmen d’Schottinne mee och d’Belsch an Israel, wat interessant Dueller versprëcht.
CUT Olivia Konsbrück: “Ech Mengen Schottland an d’Belsch sinn déi bescht Géigner. Israel huet den Trainer mol gesot, dass déi bësse méi un eisem Niveau sinn. Awer och do musse mir alles maache fir dogéint ze schloen. Schottland gëtt ee sauere Match mee et ass awer ni alles virgeschriwwen, mir mussen dat bescht draus maachen, da kann ëmmer eppes geschéien.”
Esou eng Nations League Performance wéi zejoert hëlleft natierlech fir mat vill Confiance kënnen opzetrieden. Ouni Néierlag a mat 16 Punkten hat een sech fir d’Liga B qualifizéiert, wat d’Erwaardunge sécherlech net méi kleng gi gelooss huet. Trotzdeem ass den Niveau un de Géigner elo een aneren.
CUT Laura Miller: “Mir sinn den Underdog an dëser Geschicht. ET ass ëmmer alles méiglech, mir sinn ëmmer vir eng Iwwerraschung gutt. Mir probéieren hei an do e puer Punkten ze klauen. Ween elo do de beschten ass dat interesséiert eis net, mir probéieren dat bescht draus ze maachen.”
Beim Match vun der Roude Léiwinne géint Schottland kennt dir dann en Dënsten den Owend um hallwer aacht am Stream op RTL.lu mat dobäi sinn.