Futtball-Championnat: BGL LigueDéifferdeng léisst zu Kanech Punkte leien

Ted Koob
E geckegen 3:3-Remis gouf et tëscht Rodange an der Jeunesse. Munneref huet sech donieft knapp zu Mamer duerchgesat.
© Christophe Mersch

Um Samschdeg stoungen déi éischt Partië vum 19. Spilldag an der BGL Ligue um Programm.

Déifferdeng war zu Kanech gefuerdert a koum net iwwer en 0:0-Remis eraus. An der 1. Hallschent gouf et op béide Säite kaum Golchancen, esou datt et mam 0:0 an d’Kabinne goung. D’Gäscht hunn nom Säitewiessel den Tempo an d’Luucht geschrauft, hunn de Bal awer net iwwer d’Linn gedréckt krut. Kanech huet sech gutt gewiert a konnt sech um Enn iwwer ee Punkt freeën.

Munneref konnt sech knapp mat 1:0 zu Mamer duerchsetzen. D’Gäscht gounge verdéngt a Féierung, hu sech nach virun der Paus awer selwer geschwächt. De Matias ass mat enger giel-rouder Kaart vum Terrain geflunn. An der 2. Hallschent ass et Munneref awer gelongen, de knappe Virsprong iwwer Zäit ze bréngen.

Eng animéiert Partie kruten d’Spectateuren zu Rodange ze gesinn. D’Heemekipp ass duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen, d’Gäscht hunn awer virun der Paus ausgeglach. Rodange ass et no der Paus awer nees gelongen, a Féierung ze goen. D’Jeunesse huet awer dogéint gehalen a konnt d’Partie mat zwee weidere Goler komplett dréinen. Dat lescht Wuert hat d’Heemekipp. Mat der leschter Aktioun konnt Rodange nach fir den 3:3-Ausgläich suergen.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Kanech - Déifferdeng 0:0

Mamer - Munneref 0:1
0:1 Fournier (21')

Rodange - Jeunesse 3:3
1:0 Schur (2', Eelfmeter), 1:1 Teixeira (37'), 2:1 Mbombo (57'), 2:2 Elshan (69'), 2:3 Borger (85'), 3:3 Bojic (90+6')


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO