
Am nationale Futtball war e Méindeg an der Mëttesstonn den Tirage vun de Véierelsfinallen an der Coupe de Luxembourg.
Den Titelverdeedeger Déifferdeng spillt géint de Racing. D’Fola aus der Éierepromotioun kritt et mat Rodange ze dinn. An der Halleffinall spille béid Vainqueure géinteneen.
Biissen huet een Heemmatch géint Nidderkuer a Feelen spillt géint Rouspert. Och hei treffen d’Gewënner an der Halleffinall openeen.
D’Matcher ginn den 22. Abrëll gespillt.
Bei den Damme kënnt et an der Halleffinall zu de Matcher Ell géint Racing a Mamer kritt et mat Déifferdeng ze dinn. D’Matcher sinn den 1. Abrëll.