BundesligaBVB trennt sech vun techneschem Direkter Sebastian Kehl

RTL Lëtzebuerg
Et wier een zesummen zu der Decisioun komm, datt een an Zukunft getrennte Weeër wéilt goen, schreift de BVB an engem Communiqué.
De Sebastian Kehl de 7. Mäerz op der Bänk beim Auswäertsmatch vun Dortmund zu Köln.
De Sebastian Kehl de 7. Mäerz op der Bänk beim Auswäertsmatch vun Dortmund zu Köln.
© INA FASSBENDER/AFP

De BVB trennt sech vu sengem Directeur sportif Sebastian Kehl. Dat huet den aktuellem Tabellenzweeten an der Bundesliga e Sonndeg offiziell matgedeelt.

D’Trennung wier mat Effet immédiat an et wier ee sech an engem “oppene Gespréich” zesummen driwwer eens gewiescht, datt elo am Summer de richtegen Zäitpunkt fir Changementer wier, sou de Lars Ricken. Dowéinst hätt ee sech och direkt vunenee getrennt, fir datt béid Säite sech op de Summer preparéiere kënnen, esou de Ricken weider, dee fréier zesumme mam Sebastian Kehl fir Dortmund um Terrain stoung an och 2002 Meeschter gi war.

De Kehl war zanter Summer 2022 de Sportdirekter vum BVB, nodeems hie virdrun aner Positiounen am Veräin hat.

Back to Top
CIM LOGO