FuttballBiissen spillt an der Champions-League-Quali géint KÍ Klaksvík vun de Färöer Inselen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg war zu Nyon an der Schwäiz d'Auslousung fir d'Qualifikatioun vun der Champions League. Ëm 18:00 Auer gëtt d'Conference-League-Quali ausgeloust.
Duerch de Gol vum Louis Marasi hu sech déi Biisser net nëmmen hiren éischte Championstitel, mee och hir éischt Participatioun un der Champions-League-Qualifikatioun geséchert.
© Val Wagner

D'Lëtzebuerger Faarwe gi vum Champion FC Atert Biissen an der Champions-League-Quali, souwéi vum Coupe-Gewënner FC Déifferdeng 03, der US Munneref an der UNA Stroossen an der Conference-League-Quali vertrueden.

Déi Biisser kréien et am éischten Tour vun der Qualifikatioun fir d'Champions League mat KÍ Klaksvík vun de Färöer Inselen ze dinn. D'Allersmatcher si fir de 7. an 8. Juli programméiert, d'Retourpartië sinn déi Woch drop. Biissen spillt deen éischte Match auswäerts.

D'Auslousung vun der Qualifikatioun fir d'Conference League ass en Dënschdeg den Owend ëm 18.00 Auer.

Back to Top
CIM LOGO