Natierlech stoung de Spaass um Terrain zu Beetebuerg am Mëttelpunkt. D'Australung bei alle Participantë war och richteg positiv virum Gala-Derby. De Match war, wéi erwaart, absolut fair an de FIFA-Arbitter Jasmin Sabotic war net wierklech gefuerdert. Och wann de Basket-Nationalspiller Ben Kovac, dee geschwënn zwee wichteg Qualifikatiounsmatcher spillt, probéiert huet, de Sabotic unzeschmieren an en Eelefmeter ze provozéieren.
Allgemeng gouf de ronn 300 Spectateure mat Spiller wéi dem Lars Gerson, Oli Thill oder och dem Nathalie Ludwig guer kee schlechte Futtball gebueden. Dacks stoung de fréieren Nationalgolkipp Marc Oberweis, oder “Obi”, wéi e vun de Kolleege genannt gëtt, am Mëttelpunkt. Beim herrleche Lopp vum Kapitän vum “12te Mann” Jeff Birsens war d’Pass vum Golkipp awer net gelongen. Dat war de provisoreschen 2:0. Mee och beim 4:3 an der Schlussphas, no enger Pass vum Schauspiller Nicolas Lech an engem perfekte Lopp vum Nathalie Ludwig gouf de fréieren Nationalkeeper ferm iwwerrascht.
Beim Stand vu 4:4 no 90 Minutten ass et dunn an d’Eelefmeterschéisse gaangen, an deem de Marc Oberweis dann awer decisiv war. De ganz bekannten DJ Nosi huet richteg gutt gespillt, mee de wichtegen Eelefmeter war him net gelongen. De leschten an decisiven Eelefmeter huet de Futtballspiller Daniel Audrimont verwandelt, wouduerch sech d’Team Lëtz.Fussnews um Enn richteg freeë konnt, obwuel d’Gewannen op deem Dag net am Mëttelpunkt stoung.
D’Haapt-Organisateuren a Kapitäne konnten e ganz positive Bilan zéien. Schlussendlech krut d’Croix-Rouge als Kréinung vun engem flotten Nomëtteg e Scheck mat enger substanzieller Zomm vu gutt iwwer 2.000 € iwwerreecht.