
Augsburg - Heidenheim 1:0
1:0 Claude-Maurice (79', Eelefmeter)
Et war e beispillhafte Match fir zwou Ekippen, déi géint den Ofstig kämpfen: Golchancë gouf et net vill. Heidenheim hat e gudde Start, mee duerno koumen d’Haushäre besser an de Match, de Ball gouf awer gréisstendeels am Mëttelfeld hin an hier gespillt. Eréischt spéit am Match koume béid Ekippen zu richtege Golchancen, et war awer en Eelefmeter, deen d’Decisioun zu Gonschte vun Augsburg brénge sollt. Augsburg hätt de Match kuerz drop och zoumaache kënnen, mee de Ball wollt net an de Filet. Heidenheim waart domat weider op déi éischt Victoire zënter Ufank Dezember. Augsburg spréngt op Plaz 11.
Leipzig - Wolfsburg 2:2
0:1 Amoura (52'), 1:1 Diomandé (70'), 1:2 Svanberg (78'), 2:2 Gruda (89')
Leipzig verléiert weider den Uschloss op de Spëtzentrio München, Dortmund an Hoffenheim. Mat der Victoire gëschter huet sech och Stuttgart laanscht d’Bulle gedréckt. Nom 0:0 an der Paus, bis wouhi Leipzig déi kloer dominéierend Ekipp war, konnt Wolfsburg géint de Verlaf vum Match a Féierung goen an och duerno vereenzelt Akzenter setzen. Leipzig koum eréischt no engem Feeler vum Wolfsburger Grabara zum Ausgläich, deen awer just aacht Minutten hale sollt. Leipzig huet sech den Ausgläich verdéngt, well si de ganze Match iwwer déi besser Ekipp waren.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
Arsenal - Wigan Athletic 4:0
1:0 Madueke (11'), 2:0 Martinelli (18'), 3:0 Hunt (23', Eegegol), 4:0 Gabriel Jesus (27')
Den Tabelleleader vun der Premier League huet sech géint den Drëttligist keng Bléisst ginn a steet an den Aachtelsfinalle vum FA Cup. De Match war schonn no enger hallwer Stonn decidéiert, wéi et scho 4:0 stoung. Duerno hunn d’Gunners e puer Gäng zeréckgeschalt a Wigan e bësse Loft gelooss. Dat sollt sech och an der zweeter Hallschent duerchzéien, sou dass d’Spectateure keng weider Goler ze gesi kruten.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Inter Mailand - Juventus Turin 3:2
1:0 Cambiaso (17', Eegegol), 1:1 Cambiaso (26'), 2:1 Esposito (76'), 2:2 Locatelli (83'), 3:2 Zielinski (90')
Um Samschdegowend hat Inter Mailand an engem spannenden Derby d’Italia géint Juventus Turin dat bessert Enn fir sech. Trotz enger Ënnerzuel ab der 42. Minutt huet Turin dem Tabelleleader Paroli gebueden an hat iwwer laang Strecken déi besser Golchancen. Och nom 2:1 hu sech d’Gäscht net verstoppt a koume verdéngt zum Ausgläich. Dëse sollt awer net duergoen, well Inter an der Nospillzäit nach den decisive Gol markéiert huet. Domat hunn d’Mailänner hir Tabelleféierung ënnermauert.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Metz - Auxerre 1:3
0:1 Sané (4', Eegegol), 0:2 Mboula (76', Eegegol), 0:3 Danois (89'), 1:3 Mbala (90'+4)
Fir Metz ginn d’Luuchten ëmmer méi aus. Am wichtege Match géint den direkte Konkurrent Auxerre gouf et eng däitlech Néierlag, déi duebelt batter war, well zwee Géigegoler vun eegene Leit markéiert goufen. Mam drëtte Gol fir Auxerre war de Match gelaf, éier den agewiesselten Mbala nach den Éieregol fir d’Grenats geschoss huet. Metz bleift mat 13 Punkten Tabelleleschten, Auxerre huet elo 17 Punkten a steet op der Relegatiounsplaz. Paris FC op der 15. Plaz huet 22 Punkten.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Rayo Vallecano - Atlético Madrid 3:0
1:0 Pérez (40'), 2:0 Valentin (45'), 3:0 Mendy (76')
No der 4:0-Victoire ënnert der Woch géint den FC Barcelona an der spuenescher Coupe ass Atlético Madrid haart an der Realitéit vun der Liga gelant. Géint den Ofstigskandidat Vallecano koum d’Ekipp vum Trainer Diego Simeone net zu sengem gewinnte Spill a kann de Meeschtertitel sou gutt wéi ofschreiwen - och rechneresch. D’Rojiblancos hu scho 15 Punkte Réckstand op Real Madrid, Barcelona kann de Virsprong e Méindeg nach op 16 Punkten ausbauen.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga