
An der Bundesliga gouf et ënner anerem een 3:3 tëscht Freiburg a Leverkusen souwéi eng 2:1-Victoire vum BVB zu Köln.
Mansfield - Arsenal 1:2
0:1 Madueke (41'), 1:1 Evans (50'), 1:2 Eze (66')
Mansfield aus der League One huet gutt dogéint gehalen an hat virun allem am éischten Duerchgang e puer gutt Occasiounen. Och nom Madueke sengem schéinen Ofschloss zum 0:1 huet d’Lokalekipp sech net opginn an huet esou no der Paus net onverdéngt ausgeglach. Op déi zweet Féierung vum Favorit huet Mansfield du keng Äntwert méi fonnt, woumat Arsenal fir déi éischt Kéier zanter 6 Joer nees an der Véierelsfinall vum FA Cup steet.
Wrexham - Chelsea 2:4 n.V.
1:0 Smith (18'), 1:1 Okonkwo (40', Selbstgol), 2:1 Doyle (79'), 2:2 Acheampong (82'), 2:3 Garnacho (96'), 2:4 Pedro (120+5')
Den Zweetligist Wrexham louch géint Chelsea zweemol a Féierung a war no un der Iwwerraschung, d’Blues krute sech awer an d’Verlängerung gerett. Hei hat de Favorit dunn an Iwwerzuel d’Kontroll iwwert de Match an huet de Match nom 3:2 duerch de Garnacho net méi aus der Hand ginn, soudass och Chelsea ënnert de leschten 8 am FA Cup steet.
Newcastle United - Manchester City 1:3
1:0 Barnes (18'), 1:1 Savinho (39'), 1:2 Marmoush (47'), 1:3 Marmoush (65')
Atalana - Udinese 2:2
0:1 Kristensen (39'), 0:2 Davis (55'), 1:2 Scamacca (75'), 2:2 Scamacca (79')
Juventus - Pisa 4:0
1:0 Cambiaso (54'), 2:0 Thuram (65'), 3:0 Yildiz (75'), 4:0 Boga (90+4')
No staarken Ufanksminutten vun de Visiteuren huet d’Juve de Match kontrolléiert, dat awer ouni dacks geféierlech ze ginn. Dëst sollt sech no der Paus änneren a bannent 10 Minutten hu Cambiaso an Thuram d’Bianconeri 2:0 a Féierung geschoss. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet de Yildiz no engem Konter den 3:0 geschoss an de Match endgülteg entscheet. De Boga huet an der Nospillzäit fir d’Endresultat gesuergt.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Toulouse - Marseille 0:1
0:1 Greenwood (18')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Atlético Madrid - Real Sociedad 3:2
1:0 Sorloth (5'), 1:1 Soler (9'), 2:1 Gonzalez (67'), 2:2 Oyarzabal (68'), 3:2 Gonzalez (81')
Schonn no 5 Minutte konnt de Sorloth no Corner op 1:0 stellen, de Soler huet awer mat engem schéinen Ofschloss kuerz drop ausgeglach. Atlético hat d’Kontroll iwwert de Match, ma réischt an der 67. Minutt huet de Gonzalez no exzellenter Virlag vum Griezmann den 2:1 geschoss. Och déi Féierung huet awer net laang gehalen, well den Oyarzabal quasi am direkte Géigenzuch egaliséiert huet. Eng 10 Minutte viru Schluss huet de Gonzalez per Kapp säin zweete Gol vum Dag geschoss, an op deen haten d’Visiteure keng Äntwert méi parat.
Athletic Bilbao - Barcelona 0:1
0:1 Yamal (68')
Barcelona huet zu Bilbao d’Partie bestëmmt, wärend d’Lokalekipp virun allem op Konter gesat huet. Allze vill Occasiounen sinn dobäi op béide Säiten net erausgesprongen, och wann Athletic Bilbao nach déi besser Geleeënheeten hat. Ronn 20 Minutte viru Schluss hu Pedri a Yamal awer dunn hir Klass ënner Beweis gestallt, an de jonke Spuenier huet d’Partie mat engem schéinen Ofschloss decidéiert. Domat bleift Barcelona mat enger Avance vu 4 Punkten Tabelleleader.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga