Grousse Präis vu MiamiReprise no knapp fënnef Woche Paus

Serge Pauly
Nodeems Bahrain a Saudi-Arabien annuléiert goufen, feiert d’F1 dëse Weekend zu Miami hire Comeback. Op de Circuite war et roueg, mee hannert de Kulissen huet sech vill gedoen.
De Formel-1-Circuit vu Miami
De Formel-1-Circuit vu Miami
© Formula One Management

Ugefaange mat e puer Personaldecisiounen. An der Paus gouf bekannt, dass den Gianpiero Lambiase, de bekannte Renningenieur vum Max Verstappen, Enn 2027 vu Red Bull bei McLaren wiessele wäert. A bei Audi iwwerhëlt den Allan McNish elo als neie Renndirekter d'Alldagsgeschäfter.

Virschau op de Grousse Präis vu Miami - Reportage Serge Pauly

Mee net nëmmen d'Personalbüroe vun de Formel-1-Ecurië waren déi lescht Woche gutt beschäftegt. An de Fabricke gouf fläisseg weiderentwéckelt, verschidden Ecurien hu schonn duerchblécke gelooss, dass si quasi e komplett neien Auto mat op Miami bréngen. Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl erkläert, dass esou eng laang Paus matzen an der Saison eng zimmlech ongewinnte Situatioun fir d'Ecurien ass: “Verschidden Ecurië si méi staark doranner, am Laf vun enger Saison ze entwéckelen. Anerer maache méi grouss Spréng am Wanter, wa kee Renngeschéien dotëscht kënnt. Hei ass elo déi éischte Kéier, wou mir eng Saison hunn, et si schonn e puer Grand-Prixe gefuer ginn, et gi schonn Informatiounen iwwert d'Stäerkten an d'Schwächte vun den Autoen, an et hat een elo eng méi roueg Period, fir dorobber ze reagéieren a geziilt Weiderentwécklungen ze maachen. Déi, déi dat am beschte beherrschen an am séiersten en Turnaround maachen, wäerten do d’Nues vir hunn.”

Ob Mercedes Favorit bleift? Ob Ferrari, McLaren oder Red Bull Terrain gutt maache kënnen? Do wëllt den Dominique Riefstahl net ufänke mat Spekuléieren.

Miami ass iwwregens e Sprint-Weekend. Dofir gëtt et nëmmen een eenzege fräien Training, an dee gouf ëm eng hallef Stonn verlängert, fir d'Upgrades ze testen a fir sech un den neien Energiemanagement erunzetaaschten. Fir op d'Kritik vu Piloten a Fans, an op den Accident vum Bearman zu Suzuka ze reagéieren, goufen déi Parametere nämlech ugepasst.

Eise Formel-1-Expert erwaart sech, dass de Qualifying doduerch erëm méi puristesch gëtt. Fir d'Course ass den Dominique Riefstahl awer méi skeptesch: “De Superclipping op 350kW setzen, ass richteg, well een do méi Energie ka recuperéieren, an doduerch muss een dat manner oft maachen. Allerdéngs, e Bensinnsmotor, dee 400kW produzéiert, et däerf een 350kW zeréck eraushuelen, do bleiwe just 50kW iwwreg, fir den Auto unzedreiwen. Do ass een a Saache Leeschtung scho beim klengen Cityflitzer, déi nach do ass fir den Auto no vir ze dreiwen.” Grad op der éiweg laanger Ligne Droite vu Miami kéint et trotz Reegel-Update also erëm zu quokelege Situatioune kommen...

Egal wéi wäert ee Pilot mat vill Virfreed a Florida reesen: de Kimi Antonelli. Den italienesche Mercedes-Junior huet bis elo zwou vun dräi Coursse gewonnen, an ass mat 9 Punkten Avance jéngsten Tabelleleader an der Formel-1-Geschicht. An u Miami huet hie gutt Erënnerungen. D'lescht Joer ass hien hei am SprintQuali seng éischte Formel-1-Beschtzäit gefuer.

Den Dominique erkläert: de Circuit vu Miami Gardens

Miami ass am F1-Kalenner ee vun de moderne Circuiten, déi bei ville Pilote gutt ukommen. En ass awer speziell: enk an trotzdeem Iwwerhuelméiglechkeeten, technesch Passagë mat deelweis offalendem Profil an engem glate Makadamm, dee séier Rutsche provozéiert.

Aus Chassis-Siicht ass Miami frontlasteg. Laang gezunne Kéieren a gruppéiert Sequenze loossen d’Uewerflächentemperatur séier klammen. D'Pilote kréien Ënnersteieren a verléieren d'Gedold, bis den Auto erausdréit. Wie mam Gas ze fréi nodréint, verschlëmmert d'Balance an d'Problemer.

De Kärthema ass d'Energie. Well d'Kéieren zu Miami a Gruppe beienee leien an dono méi laang Riichte kommen, gëtt et net vill klassesch Bremszonen. Am Fong sinn et just dräi zolidd Bremspunkten, de Rescht ass éischter liicht ubremsen, den Auto erausdréie loossen oder mat Speed erarullen. Dat mécht d'Recuperatioun méi schwiereg. Superclipping wäert wuel nees néideg ginn, ausser d'Écurië kréien an der Deellaascht genuch Energie zeréck. De Suzuka-Problem mat bal 50 km/h Ënnerscheed wier domat net geléist, éischter verschäerft. Ëmmerhin hëlleft, datt d'Riichten zu Miami wierklech och där sinn, da gesäit een d'Kand am Pëtz.

Am Reen gëtt et nach méi interessant: T8 bis T11 geet vu SL Mode, quasi fréieren DRS, op Corner Mode mat héijem Appui. Dat stellt d’Energie-Equatioun op d’Kopp. Mat Sprint-Weekend, nëmmen engem Training a Reerisiko Samschdes a Sonndes sinn do schlecht Iwwerraschunge méiglech. Déi éischt Reeronne kéinte spektakulär ginn och mat villen Dréimomenter vun den neien Autoen.

Streckegrafik Miami Gardens
© Mercedes-AMG Petronas F1 Team

Back to Top
CIM LOGO