3. Fräien Training live dëse Samschdeg um 12:25 Auer op RTL ZWEE an um RTL PlayFormel 1: Grousse Präis vu Monaco

RTL Lëtzebuerg
Monaco ass net nëmmen dee prestigiéiste Grand-Prix vum ganze Joer, mee et ass och den Optakt vun der Europasaison. An et ass déi Course, wou vill Experten éischter op Rout wéi op Schwaarz setzen.

Den Tëschebilan vun 2026 ass séier gemaach: 5 Courssen, 5 Mercedes-Victoiren. Mee elo geet et op ee Circuit, wou Mercedes seng Stäerkte vläicht net esou ausspille ka wéi bis elo. Ee Circuit, wou de Quali méi wichteg wéi d’Course ass, a wou de Lokalmatador Leclerc sech dräi vun de leschte fënnef Poles geséchert huet. Kee Wonner, dass Ferrari sech grouss Hoffnungen op eng Monaco-Victoire mécht. Mee fält d’Kugel am Casino vu Monaco wierklech op Rout, oder gewënnt awer erëm Schwaarz? An huet de Russell sech vu sengem Kanada-Ausfall erholl, oder gëtt den Antonelli weider de Mercedes-Toun un? An zitt McLaren bei sengem offiziell 1000. Grand-Prix déi richteg Pneuen op?

Suivéiert de FORMULA 1 LOUIS VUITTON GRAND PRIX DE MONACO 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.

Login, fir d'Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken  

Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 6. Juni 2026: 12h25 – 13h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Samschdeg, 6. Juni 2026:
Ufank vun der Emissioun: 15h55
Start vun der Qualifikatioun: 16h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h10
Commentaire: Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play

Sonndeg, 7. Juni 2026:
Ufank vun der Emissioun: 14h20
Depart vun der Course: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 17h30
Commentaire: Tom Hoffmann a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2026

F1 2026 Kalenner.pdf

5. bis 7. Juni: FORMULA 1 LOUIS VUITTON GRAND PRIX DE MONACO 2026
Circuit de Monaco - Monaco

12. bis 14. Juni: FORMULA 1 MSC CRUISES GRAN PREMIO DE BARCELONA-CATALUNYA 2026
Circuit de Barcelona-Catalunya - Barcelona-Catalunya

26. bis 28. Juni: FORMULA 1 LENOVO AUSTRIAN GRAND PRIX 2026
Red Bull Ring - Austria

3. bis 5. Juli: FORMULA 1 PIRELLI BRITISH GRAND PRIX 2026
Silverstone Circuit - Great Britain

17. bis 19. Juli: FORMULA 1 MOËT & CHANDON BELGIAN GRAND PRIX 2026
Circuit de Spa-Francorchamps - Belgium

24. bis 26. Juli: FORMULA 1 AWS HUNGARIAN GRAND PRIX 2026
Hungaroring - Hungary

21. bis 23. August: FORMULA 1 HEINEKEN DUTCH GRAND PRIX 2026
Circuit Zandvoort - Netherlands

4. bis 6. September: FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2026
Autodromo Nazionale Monza - Italy

11. bis 13. September: FORMULA 1 TAG HEUER GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2026
Madring - Spain

24. bis 26. September: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2026
Baku City Circuit - Azerbaijan

9. bis 11. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026
Marina Bay Street Circuit - Singapore

23. bis 25. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026
Circuit of The Americas - United States

30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico

6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil

20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas

27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar

4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi

Back to Top
CIM LOGO