
Keng Course ass esou ëmstridde wéi Monaco. An den enke Stroosse vu Monte Carlo kann ee schlecht iwwerhuelen. Dorunner wäert sech och dëst Joer näischt änneren, obwuel déi nei Autoe méi kuerz a méi liicht sinn. Et bleift also dobäi: dee wichtegste Moment vum Weekend ass d’Qualifikatioun, e Samschdeg um 16 Auer. Wien do op Pole fiert, ka fir de Sonndenowend schonn emol den “Jimmy'z Nightclub” reservéieren. Och wa Mercedes bis elo all Course dës Saison gewonnen huet, setzt eise Formel-1-Expert Dominique Riefstahl alles op Rout. Also bal alles...:
“Am Fong kann een dëse Weekend soen, dass Ferrari nëmme géint sech selwer verléiere kann. Si hunn dëst Joer den Auto mam meeschten Appui. Esoubal et ëm den Eck geet, ass kloer an de GPS-Daten z’erkennen, dass de Ferrari dee séiersten Auto ass, virun allem wann d’Kéieren éischter lues, wéi séier sinn. Deemno gëtt et kee Grond, firwat Ferrari net den allergréisste Favorit sollt sinn dëse Weekend. Mee d’Favoritteroll bréngt och Drock mat sech, a Ferrari ass deem net ëmmer gewuess...”
Bei Mercedes gëtt den Drock op den George Russell ëmmer méi grouss. Wéi huet hien den techneschen Ausfall a Kanada verschafft, wéi verquësst hien et, dass säi jonken Teamkolleeg Antonelli schonn 43 Punkten Avance huet?
McLaren feiert zu Monte Carlo säin 1000. Grand-Prix. Mee och déi Orange stinn ënnert Drock. Hir Strateegen hu sech virun zwou Wochen am kanadesche Fisemreen blaméiert. Gutt, dass et e Sonndeg dréche bleiwe soll, an et esou op eng Ee-Stop-Course eraus leeft.
D'Reegel, dass een zweemol stoppe muss, gouf erëm fale gelooss. Dofir ginn et aner speziell Monaco-Reegelen. Fir d'Vitess ze limitéieren, goufen d'Hybridmotore gedrosselt, an et gi keng Straight-Mode-Zonen. D'Piloten däerfen d'Spoileren also néierens flaach stellen. Dat huet ee positiven Nieweneffekt, wéi den Dominique Riefstahl schonn observéiert huet:
“Wann een engem F1-Ingenieur seet, du brauchs keen DRS-System op dengem Flillek anzebauen, da freet dee sech, ob en dee fir eppes aneschters notze kann. Op verschiddenen Autoe sinn do, wou den Hiewel war, deen de Flillek platt leet, kleng Flilleken opgetaucht. Mol kucken, wéi gutt déi funktionéieren. Mee schéin ze gesinn, dass d’Formel 1 do hirem Erfindergeescht trei bleift.”
Bei den europäesche Courssen iwwerdréit RTL Lëtzebuerg d’Fräi Trainingen net nëmmen am Stream op RTL Play, mee och op RTL ZWEE. Déi esou wichteg Qualifikatioun ass e Samschdeg um 16 Auer. D’Course gëtt e Sonndeg um 15 Auer gestart, eis Emissioun fänkt um 14:20 Auer un.
Loosst eis éierlech sinn: zu Monaco gëtt net einfach gefuer, do gëtt gezockt. Dem Jackpot heescht Pole. Fir déi ze huelen, brauch et virun allem eng Saach: Downforce.
Ob de Motor elo 10, 15 oder esouguer 25 kW manner huet, ass hei egal. Zu Monaco gewënnt deen, deem d’Hand vu Gott den Auto am déifste mam Asphalt bestuet. Och déi nei Reegelen dréinen dorunner kaum eppes. Energie ze recuperéieren ass hei einfach - se lasszeginn ass de méi grousse Problem bei deem wéineg Vollgas-Undeel. Esou gëtt d’F1, wéi zu Montreal, nees e bëssen un hir Wuerzele gezunn. Wat sech awer kaum ännert: Iwwerhuele bleift zu Monaco wéi eng Dier ouni Grëff – theoretesch do, praktesch net opzekréien. De Samschdeg Mëtten ass also weiderhin d’Schlësselsessioun vum Weekend.
Nieft Appui brauch de Pilot virun allem Vertrauen. Freides geet et net primär ëm Setup-Feinschlëff, mee ëm Ronnen, Ronnen an nach méi Ronnen. De Pilot muss spieren, wéi no hien un der Mauer kann danzen, ouni datt d’Musek ophält. Verschiddener testen d’Limitte Kéier fir Kéier a spillen dobäi mam Feier. Anerer halen hir Kaarten no bei der Broscht, bis de Croupier „faites vos jeux“ rifft — an da setzen se alles op eng eenzeg Kaart.
Mechanesch muss den Auto soupel, previsibel a ganz liicht ënnersteiernd balancéiert sinn. Stabil genuch beim Alenken, awer net esou schwéierfälleg, datt all Richtungswiessel zum Gedoldsspill mutéiert.
