Leit vum Personal blesséiertLufthansa-Maschinn ass zu Frankfurt "op d'Nues gefall"

RTL mat AFP
Bei enger Maschinn vu Boeing, déi um Terminal geparkt stoung, ass onerwaart en Deel vum Fuerwierk ageklappt.
Eng Boeing vun der Lufthansa läit virum Terminal zu Frankfurt "op der Nues".
Eng Boeing vun der Lufthansa läit virum Terminal zu Frankfurt "op der Nues".
© MIKE SEEBOTH/dpa Picture-Alliance via AFP

Eng Boeing-Dreamliner vun der Lufthansa ass en Donneschdeg um Fluchhafen zu Frankfurt op d'Nues gefall. Op enger Parkpositioun wier "onerwaart d'Fuerwierk vum Bug vum Fliger" ageklappt, heescht et vun der Lufthansa. Zu deem Ament ware Membere vun der Crew a vum Buedempersonal u Bord. Zwee Membere vun der Crew a verschiddener vum Buedempersonal goufe blesséiert a koumen an d'Spidol. D'Mataarbechter ware grad amgaangen, fir d'Maschinn fir déi nächst Passagéier ze preparéieren.

De Fliger sollt u sech vu Frankfurt aus op Los Angeles fléien. Der Lufthansa no war den Tëschefall an Donneschdeg géint 12:45 Auer passéiert. D'Airline préift elo déi genee Ëmstänn zesumme mat den zoustännegen Ekippen. Techniker wieren dofir op der Plaz.

Aerotelegraph no huet d'Boeing grad emol ee Joer a war eréischt am Januar un d'Lufthansa ausgeliwwert ginn. En änleche Fall gouf et am Juni 2021 bei enger Boeing 787-8 vu British Airways. Och bei där war d'Fuerwierk vum Bug ageklappt, wéi d'Maschinn beim Terminal stoung.

Back to Top
CIM LOGO