
Anescht wéi nach am Sprint-Qualifying war et e Samschdeg den Owend eiser Zäit de Kimi Antonelli, deen déi séierste Ronnenzäit op de Circuit bruecht huet (1:27:07). Et ass déi 4. Pole Position fir Mercedes an der 4. Course vun der Saison, an déi 3. Pole hannertenee fir de Kimi Antonelli.
Nieft dem jonken Italieener geet e Sonndeg de Max Verstappen un den Depart. D'Plazen 3 a 4 si fir de Leclerc op Ferrari an den Norris op McLaren, deem am Sprint-Qualifying nach déi séierste Ronn gelonge war. De Russell (Mercedes) an den Hamilton (Ferrari) ginn aus der 3. Startrei un den Depart, fir de Piastri ass et just déi 7. Plaz.
Am Q1 war scho Schluss fir den Aston-Martin-Duo Alonso a Stroll an och fir d'Cadillac-Coequipieren Bottas a Perez. Och de Bortoleto op Audi an de Lindblad op Racing Bulls hunn den Auto scho missen an der Garage ofstellen. Donieft ass den Oscar Piastri mat engem bloen An dovukomm. Hien hat sech als 16. mat enger Avance vu just zwee Zéngtel qualifizéiert.
Am Q2 war du Feierowend fir béid Williams-Piloten Albon a Sainz, souwéi fir déi zwee Haas Bearman an Ocon. Och den Hülkenberg op Audi an de Lawson vu Racing Bulls waren eliminéiert, woumat just 5 Ecurien et an de Q3 gepackt hunn.
D'Course kënnt Dir e Sonndeg vun 21h30 un op RTL ZWEE an um RTL Play suivéieren. Den Depart ass fir 22h00 festgeluecht.