Formel 1Ännerungen am Reglement fir de Grousse Präis vu Miami

Tom Nols
Zesumme mat der FOM, den Teams an de Motorskonstrukteure huet d'Formel 1 Ännerungen an hirem Reglement beschloss. Zentraalt Thema sinn d'Sécherheet an d'Attraktivitéit vun de Courssen.
Méi Sécherheet a méi Show duerch adaptéiert Reegelen?
Méi Sécherheet a méi Show duerch adaptéiert Reegelen?
© GONGORA/NurPhoto via AFP

Eng Rei Reegele vum aktuelle Formel-1-Reglement sinn ugepasst ginn. Domat reagéiert d’FIA op verschidde Kritikpunkten, déi zanter dem Ufank vun der Saison opkomm waren. Ënnert anerem gëtt d’Quantitéit un Energie, déi am Qualifying ka recuperéiert ginn, reduzéiert. An de Coursse ginn de Boost an d’Leeschtung vun der MGU-K limitéiert. Ännerunge ginn et och beim Start, grad sou wéi bei Rennen ënner naasse Wiederkonditiounen.

Wat am Qualifying ännert

D’Parametere vum Energiemanagement ginn ugepasst. Maximal erlaabt ass vun elo un eng Recuperatioun vu 7 Megajoule, amplaz vu bis elo 8 Megajoule. Doduerch sollen iwwerméissegt Sammele vun Energie reduzéiert a méi konstant Fueren um Limitt erméiglecht ginn. Doduerch wäert d’Durée vum sougenannte Superclipping op zwou bis véier Sekonne pro Ronn reduzéiert kënne ginn.

D’Zuel vu Courssen, bei deene méi niddreg Limitte fir d’Energie gëlle kënnen, ass vun 8 op 12 erhéicht ginn, fir eng besser Adaptatioun un déi jeeweileg Charakteristike vun de Strecken z’erméiglechen.

D’Spëtzeleeschtung vum Superclip gëtt vun 250 op 350 kW erhéicht. Sou gëtt d’Zäit fir erëm ze luede weider reduzéiert an de Pilot beim Manage vu senger Energie entlaascht. Dat gëllt och an de Courssen.

Wat an der Course ännert

Déi maximal Leeschtung duerch de Boost ass elo op +150 kW limitéiert, fir ze grouss plëtzlech Ënnerscheeder z’evitéieren. D’Leeschtung vun der MGU-K bleift an de wichtege Beschleunegungs-Zone bei 350 kW, gëtt awer op allen aneren Deeler vum Circuit op 250 kW limitéiert.

Dës Moossname sollen iwwerméisseg Differenzen tëscht de Vitesse vun den Autoe reduzéieren. Ausserdeem erhofft ee sech doduerch méi Méiglechkeete fir z’iwwerhuelen a generell besser Eegeschafte bei der allgemenger Performance vun den Autoen.

Wat beim Start ännert

En neie System soll sougenannte “Low Power Starts” erkennen, wann de Pilot z.B. säin Turbo net op Toure bréngt, oder hien aus soss engem Grond schlecht start. An esou engem Fall gëtt d’MGU-K automatesch e gewësse Montant u Leeschtung of, fir e Minimum un Acceleratioun ze garantéieren, fir datt den Auto net zum Sécherheetsrisiko gëtt. Gläichzäiteg wäert et awer net sou vill Leeschtung sinn, datt ee sech domat kéint e Virdeel verschafen.

Dobäi kënnt en neie visuelle Warnsystem, deen hannen an op der Säit vun engem concernéierte Gefier d’Luuchte blénke léisst, fir déi aner Piloten ze warnen. Ausserdeem ass e Reset vum Energie-Compteur am Ufank vun der Aféierungsronn virgesinn, fir eng Inkonsistenz am System, déi virdrun detektéiert ginn ass, ze behiewen.

Wat am Naassen ännert

No Feedback vun de Pilote ginn d’Temperaturen an den Heizdecke fir d’Intermediate-Pneuen erhéicht. Domat sollen de Grip an d’Performance vun de Pneuen am Naasse verbessert ginn.

Reduzéiert gëtt déi maximal ERS-Leeschtung, wouduerch d’Dréimoment begrenzt an d’Kontroll vum Gefier verbessert ginn.

De System vun den hënneschte Luuchten ass vereinfacht ginn. Méi kloer a konsistent visuell Signaler sollen d’Siichtbarkeet an d’Reaktiounszäite vun de Piloten a schlechte Wiederkonditioune verbesseren.

Wat déngt dat alles?

Well et ouni Test-Courssen net méiglech war, dat neit Reglement an der Praxis auszeprobéieren, war kloer, datt déi éischt Weekender vun der Saison eng Aart Stresstest fir déi nei Reegele géinge ginn. Dowéinst ass nozevollzéien, datt een och elo einfach mol muss ausprobéieren, observéieren, an dann no Analysen déi richteg Réckschlëss zitt, ob d’Adaptiounen an déi richteg Richtung ginn.

All d’Ännerunge musse nach formell duerch de Motorsport-Weltrot WMSC confirméiert ginn. Nach virum nächste Grousse Präis zu Miami soll elektronesch doriwwer ofgestëmmt ginn, fir déi adaptéiert Reegelen z’implementéieren. Just d’Virschléi, déi d’Startprozedur betreffen, solle fir d’éischt emol do getest ginn.

Back to Top
CIM LOGO