Wat ass bei Aston Martin lass?Keng Kloerheet an der Causa Newey

Tom Nols
Bei Aston Martin géif den Adrian Newey als Teamchef zerécktrieden, sou international Medien. Den Teambesëtzer Lawrence Stroll huet reagéiert, léisst awer Raum fir Interpretatioun.
Bleift den Adrian Newey Teamchef bei Aston Martin?
No nëmmen zwee Grand-Prixen soll den Adrian Newey net méi Teamchef vun Aston Martin sinn
© MARTIN KEEP/AFP

Et wier eng onerwaarten Entwécklung. De Stardesigner Adrian Newey soll no nëmmen zwee Grand-Prixen net méi Teamchef bei Aston Martin sinn. Véier Méint, nodeems hien déi Roll iwwerholl hat, soll den Newey sech an Zukunft erëm eleng ëm déi technesch Aspekter vun der Formel-1-Ecurie këmmeren. Esou mellt et op d’mannst de spezialiséierten Internetsite Motorsports.com Italia.

Nach méi iwwerraschend ass allerdéngs den Numm vu sengem méigleche Successeur, deen eis italieenesch Kolleegen nennen. Den Jonathan Wheatley, aktuellen Teamchef an zanter bal engem Joer bei Audi, géif eriwwer bei Aston Martin wiesselen. An der däitscher Ecurie waren him nieft dem italieeneschen Direkter Mattia Binotto net all Fräiheete ginn. Bei Aston Martin géif sech dat änneren.

Am Laf vum Freidegnomëtten ass déi offiziell Matdeelung komm, dass den Jonathan Weathley mat effet immédiat, aus perséinleche Grënn, d’Audi-Ecurie verléisst. De Mattia Binotto wäert d’Team leeden a weider Responsabilitéiten iwwerhuelen. Déi zukünfteg Struktur vun der Ecurie wäert zu engem spéideren Zäitpunkt definéiert ginn, heescht et am Text vum Audi F1 Team.

Eng weider Reaktioun ass vun Aston Martin komm. Den Teambesëtzer Lawrence Stroll huet verlaude gelooss, den Adrian Newey wier säi Partner a wichtegen Aktionär. Hie wier de Managing Technical Partner a si hätten eng wierklech Partnerschaft, déi op enger gemeinsamer Zukunftsvisioun baséiert. Bei Aston Martin géife si d’Saachen anescht maache wéi bei der Konkurrenz, sou de Stroll weider, d’Aarbecht bei hinne wier op de Kapp “designt”.

Dem Newey säin Haaptfokus géing op der strateegescher an technescher Leedung leien a géif do vun engem héichtalentéierten Team ënnerstëtzt ginn. Laut Lawrence Stroll géif seng Ecurie reegelméisseg vu wichtege Membere vun aneren Teams kontaktéiert gi fir bei si schaffen ze kommen. Si géifen awer d’Rumeuren an d’Spekulatiounen net kommentéieren.

De Wheatley war 20 Joer laang bei Red Bull gewiescht an huet do gutt mam Newey zesummegeschafft. Et ass net onméiglech, dass den Newey sech perséinlech beim Teambesëtzer Lawrence Stroll fir dee Wiessel staark gemaach huet. Den Zäitpunkt fir de Wheatley wier ideal. Vill méi schlecht kann et bei Aston Martin net méi lafen an op senger aktueller Aarbechtsplaz zu Hinwil an der Schwäiz géing hie sech net terribel wuel fillen. Mat engem Wiessel bei Aston Martin géing et zréck an d’Heemecht Groussbritannien goen.

Aner Kandidaten

D’Rumeure ronderëm Aston Martin ginn zum Deel vun der englescher Redaktioun vu Sky Sports confirméiert. Och do huet een erausfonnt, dass déi duebel Belaaschtung vum Adrian Newey mëttlerweil a Fro gestallt géif ginn, an dass den Designstar duerchaus dorunner interesséiert wier, erëm mat sengem fréieren Red-Bull-Aarbechtskolleg Wheatley zesummenzeschaffen. Sky Sports nennt ee weidere Wonschkandidat fir dee Posten, an zwar de Red-Bull-Verstappen-Renningenieur Gianpiero Lambiase. Deen hätt, esou Sky Sports, awer schonn ofgesot. Och dem fréiere McLaren-Teamchef Andreas Seidl säin Numm geeschtert ronderëm.

Wéini e Wiessel vum Wheatley bei Aston Martin effektiv méiglech wier, hänkt dann och nach vun de jeeweilege Kontrakter of. Féierend Käpp an der Formel 1 kënnen no enger Kënnegung normalerweis net direkt bei engem aneren Team ufänken a mussen e kontraktlech festgeluechte “Gardening Leave” (Zwangscongé) anhalen. Do kënnt d’Zwangspaus no den ofgesote Courssen a Bahrain a Saudi-Arabien der Ecurie vun Aston Martin ze gutt, fir eng adäquat Léisung ze fannen.

Ännert sech iwwerhaapt eppes?

Et gëtt ugeholl, datt den Newey an der Funktioun vum Teamchef vun Ufank un nëmmen eng Iwwergangsléisung war. Offiziell wëllt Aston Martin sech awer, wéi gesot vum Lawrence Stroll, net zu de Rumeuren äusseren. Géintiwwer Sky an der spuenescher AS huet d’Ecurie d’Nouvelle als “Gerücht a Spekulatioun” kommentéiert a preziséiert, datt si voll a ganz hannert dem Adrian Newey als technesche Leeder an Teamchef géinge stoen. Een anere spezialiséierten Internetsite RacingNews365 krut vun engem Teamspriecher matgedeelt, dass den Adrian Newey och an Zukunft d’Écurie als Teamchef a “Managing Technical Partner” leede wäert.

Sécher ass, dass dem Newey säin éischten Auto fir Aston Martin, a Kombinatioun mam problematesche Motor vun Honda, wäit hannert den Erwaardungen zréckbliwwen ass. Sécher ass och, dass den Designer sech léiwer hannert sengem Zeechebriet verkraucht an als Teamchef net gär der breeder Ëffentlechkeet Ried an Äntwert steet. Bleift um Enn nach d’Fro, wie bei Audi neien Teamchef géif ginn, sollt et awer zu engem Wiessel kommen. Leit wéi Christian Horner oder Günther Steiner sti scho vläicht an de Startlächer oder iwwerpréiwe grad hir Chancen...

Back to Top
CIM LOGO