
Vun der Saison 2027 u wäert d'Formel 1 nees an der Tierkei fueren. De Retour op den Istanbul Park Circuit ass e Freideg offiziell confirméiert ginn. Erméiglecht gëtt dee Comeback duerch d'Rotatioun vu Spa a Barcelona vum nächste Joer un. Doduerch gëtt am Kalenner eng Plaz fräi an et geet een net iwwert de Maximum vu 24 Courssen eraus.
Den Deal gëllt fir déi nächste fënnef Joer. Dem Formel-1-Chef Stefano Domenicali no ass de Circuit an der Tierkei "eng vun de spannendsten an usprochsvollste Strecken op der Welt."
De FIA-President Mohammed bin Sulayem gesäit am Comeback "en androcksvolle Beweis fir de weltwäite Wuesstem an d'Unzéiungskraaft vun eisem Sport." De Retour géif e gemeinsaamt Engagement fir den Ausbau vum Championnat op dynamesche Marchéen ënnersträichen.
De Grousse Präis vun der Tierkei war tëscht 2005 an 2011 Deel vum Formel-1-Kalenner. Duerno war de Laf gestrach ginn, éiert d'Course wärend der Corona-Pandemie 2020 an 2021 nach emol an de Kalenner geréckelt war. Rekordgewënner mat dräi Victoiren ass de Felipe Massa, deen 2006, 2007 an 2008 fir Ferrari gewanne konnt. Déi lescht Editioun 2021 hat de Valtteri Bottas fir sech entscheet.
Iwwerdeems huet Audi matgedeelt, datt den Allan McNish eng nei Roll kritt. Nodeems den dräifache Le-Mans-Gewënner sech ëm de Programm vum Nowuess gekëmmert hat, wäert hie vun elo un d'Funktioun vum Renndirekter iwwerhuelen. Déi Rochad am Personal dierft d'Resultat si vum Jonathan Wheatley sengem Depart bei den Ingolstädter, deen Audi am Mäerz mat effet immédiat verlooss hat.
De McNish wäert dem CEO an Teamchef Mattia Binotto eng Rei Aufgaben ofhuelen. Laut Audi wäert sech de Schott vum Grousse Präis vu Miami un ëm de Sport, déi technesch Koordinatioun, de Management vun de Piloten, d'Rennstrategie, de Betrib vun der Box an d'Medien- a Partneraktivitéite këmmeren.