Um Sonndeg huet sech de Coupe-Finalist Arantia Fiels auswäerts mat 95:74 géint de Basket Esch duerchgesat. No enger ausgeglachener éischter Hallschecht huet sech d’Ekipp aus der Fiels nom Säitewiessel ofgesat an um Enn souverän gewonnen. 24 Punkte goungen op de Kont vum Kevon Godwin.
De Co-Leader Sparta Bartreng setzt sech mat 90:83 auswäerts zu Mamer duerch. Op den éischte Bléck e logescht Resultat, allerdéngs hunn d’Gäscht ouni Profispiller agéiert. De Max Logelin huet mat 41 Punkten eng spektakulär Performance gewisen, fënnef Spiller vun de Gäscht hunn zweestelleg getraff.
De Leader Etzella Ettelbréck hat sech e Samschdeg auswäerts kloer mat 94:69 géint den Tabelleleschten AB Contern duerchgesat. De Philippe Gutenkauf konnt 24 Punkte markéieren, 22 Punkte goungen op de Kont vum Adrian Delph bei de Gäscht.
D’Résidence Walfer setzt sech mat 92:84 géint de Racing Lëtzebuerg duerch. D’Lokalekipp louch schonn an der Paus 58:43 a Féierung. Den John Slajchert hat um Enn 38 Punkten um perséinleche Kont fir d’Lokalekipp.
Den T71 Diddeleng notzt e staarken drëtte Véierel (24:12) fir sech géint d’Kordall Steelers ofzesetzen a wënnt um Enn 86:75. Den neie Profispiller Maurice Calloo konnt bei sengem Debut fir Diddeleng mat 25 Punkten iwwerzeegen. Am Ganze stounge béid Ekippen an dësem Match zesumme 67 Mol un der Fräiworflinn.
Enk war d’Partie tëschent de Musel Pikes an der Amicale Steesel. D’Lokalekipp hat mam Martaz Robinson en neie Profispiller am Kader, och hie konnt d’Néierlag vun de Pikes allerdéngs net verhënneren. Steesel huet de véierte Véierel mat engem 13:0 Laf ugefaangen an um Enn 91:85 gewonnen, den Ashton Sherrel hat um Enn 26 Punkten um Kont.
Den T71 Diddeleng bleift no enger 95:65-Victoire géint d’Amicale Steesel ongeschloen. Dobäi huet d’Lokalekipp missen op d’Profispillerin Lauren Van Kleunen verzichten. Mat 25 Punkten huet d’Shalonda Winton am Beschte getraff beim T71.
Den AB Contern setzt setzt sech mat 76:59 géint de Basket Esch duerch. Mat engem staarken zweete Véierel huet d’Lokalekipp sech ofgesat, d’Stefanie Kulesza konnt 29 Punkte fir d’Lokalekipp markéieren.
D’Sparta Bartreng setzt sech no Verlängerung knapp mat 81:79 géint d’Musel Pikes duerch. 31 Punkte goungen op de Kont vum Adryana Quezada – si war déi eenzeg Profispillerin am Sparta-Kader. D’Nicole Torresani huet an der Verlängerung déi entscheedend 4 lescht Punkte markéiert.